Radioen

On air

Spektrum  |  Zach Bryan - Sandpaper Feat. Bruce Springsteen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Nicolas Mackel soll op d'EU-Representatioun wiesselen

Vu Luxembourg for Finance op Bréissel

Den Nicolas Mackel soll op d'EU-Representatioun wiesselen

Den Nicolas Mackel soll Chef vun der Lëtzebuerger permanenter EU-Representatioun zu Bréissel ginn. Dat meld d‘Lëtzebuerger Wort haut.

auto_stories

1 min

Foto: Archiv

Den Nicolas Mackel ass zanter 2013 un der Spëtzt vu Luxembourg for Finance. Hie géif d‘Sylvie Lucas ofléisen, déi den Ament Lëtzebuerg bei der EU vertrëtt. Si wéilt am Summer hire Posten, no nëmmen zwee Joer opginn, sou d‘Wort. Well si dem fréieren Ausseminister Jean Asselborn nostoung. Mam Nicolas Mackel géif e Finanzplaz-Lobbyist op Bréissel geschéckt ginn, sou nach d‘Wort.