search

/ New Yorker Geriicht: US-Entreprisen hunn Usproch op Remboursement vun Douanes-Taxen

USA

|
headphones

1 min

New Yorker Geriicht: US-Entreprisen hunn Usproch op Remboursement vun Douanes-Taxen

Geklot hat eng Entreprise aus dem US-Bundesstaat Tennessee. Déi krut elo Recht virun engem Geriicht zu New York. Deemno dierfen US-Entreprisen e Remboursement vun den Douanes-Taxen ufroen.

headphones

1 min

© picture alliance/dpa | Arne Dedert
(Foto: picture alliance/dpa | Arne Dedert)

Hannergrond ass d‘Urteel vum Supreme Court, dat dem Donald Trump seng Taxen als gesetzeswiddreg deklaréiert hat. Do gouf awer nach net decidéiert, ob d‘Recettë vun den Importtaxen dann och mussen zeréckbezuelt ginn.

Remboursementer kéinten op 175 Milliarden US-Dollar klammen

Direkt e puer Entreprisen hate beim Geriicht fir den Internationalen Handel eng Plainte agereecht. De Remboursement vun den Taxen, déi scho bezuelt goufen, läit Berechnunge vun der University of Pennsylvania no bei ongeféier 175 Milliarden US-Dollar.