Den US-President huet den Zohran Mamdani op sengem soziale Reseau Truth Social als "Kommunist“ beschriwwen an en Opruff gemaach, net fir hie mee fir säin Haaptkonkurrent, de fréiere Gouverneur Andrew Cuomo, ze wielen. Den Andrew Cuomo hat bei der Virwal vun den Demokrate verluer a kandidéiert elo als Onofhängegen.
Finanziell Konsequenzen
Den Donald Trump huet och der Stad New York mat finanzielle Konsequenze gedreet, wann de Zohran Mamdani Buergermeeschter géif ginn. An deem Fall kéint New York nëmmen nach mam legale Minimum vu staatleche finanzielle Bäiträg rechnen, déi se ze gutt huet, esou den Donald Trump.
D'Walbüroen zu New York ginn um 11 Auer de Moien eiser Zäit op a maachen um 2 déi nächst Nuecht zou. Éischt Resultater sinn deemno an der nächster Nuecht a muer - um Mëttwoch de Moien - ze erwaarden.