search

/ Neutral Toiletten: Firwat déi Panik?

Commentaire

|
headphones

3 min

headphones

4 min

play_arrow

Neutral Toiletten: Firwat déi Panik?

Komme lo Unisex-Toiletten an d'Schoulen oder net? Gefillt ginn et méi Meenunge wéi Fakten zu dësem Theema. Esou oder esou sinn duerch d’Diskussioun ronderëm genderneutral Toiletten aner wichteg Theemen an den Hannergrond geréckelt, mengt d’Sophie Schroeder a sengem Kommentar.

headphones

3 min

headphones

4 min

play_arrow

Et ass traureg, datt vun allen Ännerungen am LGBTQIA+-Beräich, déi an der Chamberkommissioun presentéiert goufen, sech op grad dat hei Theema vun den Toilettë fokusséiert gëtt.

Dobäi goufen an der Chamber vill méi wesentlech Reformen ugekënnegt. Net datt d’Fro vun Unisex-Toiletten a Schoulen onwichteg wier. Dëst ass duerchaus e legitimt Uleies an et ass ze begréissen, datt och am Beräich vun de Infrastrukturen an de Schoule geschafft gëtt.

Mee vun der nächster Rentrée u gëtt et och en neie Plan d’études, deen d’Verankere vun der sexueller an der geschlechtlecher Villfalt am Biologie-Unterrecht, mee och an anere Fächer, virgesäit. Dat mat passenden, neie Schoulmaterialien an neie Guidë fir Enseignanten.

14 Petitiounen zu Theema

D’Opreegung iwwer d’Toilettesituatioun geet awer esou wäit, datt zënter der Kommissioun ganzer 14 Petitioune géint déi Unisex-Toiletten agereecht goufen. Wéi d’Presidentin vun der Petitiounskommissioun Francine Closener op Nofro hi confirméiert, gouf et dat an deem Ausmooss nach ni. 

De Ministère huet dat sécherlech ënnerschat. Well eréischt nodeems déi grouss Polemik entstanen ass, huet de Ministère seng Pläng preziséiert. An dat och “just” an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro.

Eréischt no der gesellschaftlecher Diskussioun wier kloer ginn, datt dëst eng politesch Decisioun misst sinn an dofir hätt den Educatiounsminister lo decidéiert, datt nei Schoulgebaier an Zukunft dräi Typpen un Toiletten ubidde mussen.

D'Pläng schéngt keen esou richteg ze verstoen

An der Chamber d’lescht Woch war dat effektiv nach net esou kloer. Do gouf sech an den Detailer vun eenzelne Pläng verluer an et war nach esou ze verstoen, datt just nach Toilettebléck nom neie Konzept sollte gebaut ginn. 

Am Nachhineien stellt den DP-Educatiounsminister et zwar esou duer, wéi wann d’Pläng vun den neutralen Toilettë kloer gewiescht wieren, mee net mol de Regierungspartner CSV schéngt hie richteg verstanen ze hunn. 

Esou oder esou: Mir schwätzen hei iwwer ee Pilotprojet, dee bis elo just am neie Gebai vum Lycée technique du centre geplangt ass, dat eréischt 2032 opgeet. Et war ni virgesinn, d’Sanitäranlagen an alleguer deenen aktuelle Schoulgebaier ëmzebauen. 

D'Vermëttele vu Wäerter wéi Respekt ass ënnergaang

An esou wéi et elo preziséiert gouf, soll och kengem eppes ewech geholl ginn, an et soll och näischt ofgeschaaft ginn. Et kommen hei ebe just nei Mesuren dobäi.

An de Lycéeë soll et weiderhin esouwuel Fraen-, wéi och Männertoilette ginn. Geplangt ass, datt déi neutral Toiletten als drëtte Block zousätzlech dobäi kommen. Och bei de Vestiairë ginn et weiderhi getrennte Vestiairen, mat eben nach zousätzlechen Eenzelkabinnen an Duschen.

Den eigentleche Bildungsoptrag vun de Schoulen, nämlech d’Vermëttele vu Wäerter wéi Respekt, Akzeptanz, Gläichberechtegung an Diversitéit, ass duerch déi ganz Streidereien iwwer d’Beschëlderung vun Toilettë komplett ënnergaangen.

play_arrow Lauschteren