D'Olympesch Spiller kéinten zu Paräis dramatesch Konsequenzen hu fir Persounen a prekäre Liewenssituatiounen. Do virdru warnen eng 70 Organisatiounen a schwätze souguer vun engem “nettoyage social”. Sans-Abrisen, illegal Flüchtlingen, Prostitutioun: Paräis wéilt all dat aus dem Stadbild verdreiwen, huet et déi lescht Woch an engem oppene Bréif geheescht. D‘Stad selwer wiert sech géint déi Reprochen.