Radioen

On air

Spektrum  |  Marcus King - Hero

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Netanjahu rifft Hamas op sech ze erginn / Waffepaus ëmmer manner warscheinlech

Noen Osten

Netanjahu rifft Hamas op sech ze erginn / Waffepaus ëmmer manner warscheinlech

Den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu huet d‘Hamas opgeruff, hir Waffen néierzeleeën a sech ze erginn. An de leschten Deeg hätten Dosenden Hamas Terroriste kapituléiert, sou de israeelesche Regierungschef.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Photoshot
Foto: picture alliance / Photoshot

Israel fiert weider mat senger Militär-Offensiv am Süde vun der Gazasträif. Déi israeelesch Arméi huet d‘Awunner vun der grousser Stad Chan Younis opgeruff, sech a Sécherheet ze bréngen.

Déi humanitär Kris géif vun Dag zu Dag méi katastrophal ginn, sot d‘Weltgesondheets-Organisatioun. D‘WHO huet an enger Resolutioun op en Neits eng Waffepaus gefuerdert. De Katar, deen déi lescht Waffepaus mat verhandelt hat, sot awer, den Ament géif et net vill Chancen op eng nei Waffepaus.

Den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu huet d‘Hamas opgeruff, hir Waffen néierzeleeën a sech ze erginn. An de leschten Deeg hätten Dosenden Hamas Terroriste kapituléiert, sou de israeelesche Regierungschef.

De Bilan an der Gazasträif géif elo bei 18.000 Doudege leien, sou d‘Gesondheetsautoritéiten, déi vun der Hamas kontrolléiert ginn.

D‘Hamas hat bei hiren Attacke vum 7. Oktober an Israel 1.200 Leit ëmbruecht an iwwer 200 Geisele geholl. Eng 100 Geisele ginn nach gefaange gehalen.

Aus Protest géint de Gazakrich ass haut am besate Westjordanland e Generalstreik. Geschäfter, Schoulen, Unien a Banke géifen sech um Streik bedeelegen, sou Berichter. Mat deem Generalstreik gëtt e Waffestëllstand gefuerdert, en ass Deel vun engem weltwäite Streik-Opruff fir e Waffestëllstand an der Gazasträif.