Radioen

On air

Notturno  |  Young Fathers - I Saw

play_arrow Live
search

/ Netanjahu ordonéiert d'Evakuatioun vu Rafah

Noen Osten

Netanjahu ordonéiert d'Evakuatioun vu Rafah

Déi israeelesch Arméi huet de Moien de Secteur vu Rafah am Süde vun der Gazasträif bombardéiert. Den israeelesches Premier Benjamin Netanjahu huet der Arméi een Evakuatiounsplang ordonéiert fir Honnertdausenden Zivilisten op der Plaz ze evakuéieren. Dëst en vue vun enger eventueller Buedemoffensive.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Mohammed Talatene
(Foto: picture alliance/dpa | Mohammed Talatene)

Aktuell sinn 1,3 Millioune Palestinenser an der Stad Rafah. D'Hallschent dovunner si Mënschen, déi deplacéiert sinn, wëll se aus Gaza City oder Chan Yunis kommen.