Radioen

On air

Thé Dansant  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Netanjahu onbeandrockt vum Joe Biden senge Warnungen

Méiglech Waffeliwwerunge fir Rafah-Offensiv

Netanjahu onbeandrockt vum Joe Biden senge Warnungen

Israel an d‘Hamas solle sech flexibel weise wat eng Waffepaus an der Gazasträif ugeet. Dee Message huet Ägypten de Moien u béid Säiten am Kontext vun de Verhandlunge lancéiert. Iwwerdeems weist sech den Netanjahu onbeandrockt vum Biden senge Warnungen.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Consolidated News Photos | Chris Kleponis - CNP
Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Chris Kleponis - CNP

D‘USA hunn op en Neits un Israel appelléiert, déi geplangte grouss Offensiv op Rafah net duerchzeféieren. Domat kéinte si garantéieren, datt se weider genuch Waffe vun den USA geliwwert kréien. Et ass déi strengste Warnung, déi d‘USA bis elo géint Israel lancéiert hunn.

Den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu huet sech net impressionéiert gewisen. Israel kéint sech noutfalls och selwer verteidegen, war säi Message. Een Arméisspriecher sot, Israel hätt genuch Munitioun, fir mam Asaz ronderëm Rafah weiderzefueren.