Radioen

On air

9 bis 1  |  Little Dragon - Ritual Union

play_arrow Live
search

/ Net d'Feeler aus der Vergaangenheet widderhuelen

Commentaire

Net d'Feeler aus der Vergaangenheet widderhuelen

Lëtzebuerg ass de Moie mat der Feststellung erwächt, datt déi politesch Landschaft sech verännert: No zéng Joer Blo-Rout-Gréng kënnt déi nächst fënnef Joer eppes, wat d‘Land virdru gutt kannt huet: Eng Zweeër-Koalitioun, déi vun der CSV ugefouert gëtt. Datt d‘CSV et no schwierege Joren an der Oppositioun zeréck un d‘Muecht packt, ass eng Iwwerraschung, mengt de Jean-Claude Franck an engem Commentaire.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

play_arrow

Wéi de Luc Frieden Ufank des Joers Spëtzekandidat vun der CSV gouf, hu vill Observateure gemengt, dat géif e schwierege Match ginn. Hien hat 2013 ëmmerhin an der Chamber sou just e Mësstrauensvott iwwerstane wéinst senger Roll als Justizminister an der Bommeleeër-Affär, als Finanzminister war hie beim Ausschaffe vum Staatsbudget an der eegener Koalitioun (CSV-LSAP) diskreditéiert ginn an en hat d‘Cargolux ouni strategesche Plang a professionell Präis-Negociatiounen un de Katarverkaaft. Net dovun ze schwätzen, datt hie léiwer an d‘Privatwirtschaft gewiesselt ass wéi op der Oppositiounsbänk an der Chamber ze sëtzen. 

CSV: de fräie Choix vum Koalitiounspartner

Mee d‘CSV huet et fäerdeg bruecht, datt all dat kee grousse Sujet méi gouf: Den „neie Luc“ huet et gepackt fir d‘CSV um Niveau vun 2018 ze stabiliséieren, déi grouss Verloschter déi wärend de leschte fënnef Joer virausgesot goufen, sinn net agetrueden. 

D‘CSV hat en Zil, an zwar onbedéngt zeréck un d‘Muecht ze kommen, a se huet sech professionell genuch ugeluecht, fir dat ze packen. Se ass nees do, wou se hiwollt: an der Situatioun fir kënnen tëscht DP an LSAP ze wielen. Wat se vun 1979 bis 2013 och ouni Ënnerbriechung gemaach huet. Meeschtens gouf et eng Koalitioun mat der LSAP, mee vun 1999 bis 2004 och mat der DP. 

Juniorpartner DP?

An déi huet des Kéier nees déi beschte Kaarten: Mat 14 Mandater sinn déi Liberal kloer déi zweetstäerkst Fraktioun an der Chamber, a mam Nach-Premier Xavier Bettel stellt se och de Politiker mam beschte perséinleche Score. Dobäi kënnt, datt de Luc Frieden net de Jean-Claude Juncker ass. De Luc Frieden ass no un deene Kreesser, déi sech endlech eng Koalitioun wënschen, an deenen net ëmmer nees Sozialisten oder grénger sech an diversen Dossieren an de Wee stellen. 

Mee d‘CSV wäert gutt oppassen, der DP net d‘Gefill ze ginn, datt déi Saach schonn an dréchenen Dicher ass. Well soss kéint d‘DP jo mol ze vill inhaltlech oder personell Fuerderunge stellen, a fir dee Fall wëll d‘CSV sech d‘Optioun LSAP opstoe loossen. 

Keng véier, mee dräi grouss Parteien

Weder d‘DP nach d‘LSAP si begeeschtert doriwwer: Si konnte lo zéng Joer laang selwer staark matbestëmmen, a se wëssen aus der Vergaangenheet och allebéid, datt de Juniorpartner vun der CSV bei den nächste Chamberwalen net déi bescht Kaarten huet. Lo riskéiert de Juniorpartner nees méi mussen no der Päif vum grousse Koalitiounspartner ze danzen. Grad dat war de Chrëschtlech-Soziale jo zum Verhängnes ginn: No joerzéngtelaanger Dominanz hat sech op eemol e Lager ronderëm d‘CSV opgebaut, dat staark genuch war fir ouni d‘CSV eens ze ginn.

Dat ass elo net méi méiglech: Eng Majoritéit vu Lëtzebuerger huet nees méi traditionell gewielt: Et gi keng véier grouss Parteie méi, mee nom Debakel vun déi gréng nees just dräi. Ob dat elo nees fir Joerzéngten de Fall bleift, ass eng aner Fro: D‘CSV huet 2013 an 2018 geléiert, datt et och ouni si geet, a se weess elo, zu wat d‘Arroganz vun der Muecht, déi se dacks reprochéiert krut, féiere kann.

Lauschterenplay_arrow