Radioen

On air

Concert  |  Vun heroeschen Téin, polneschen Aflëss an impressionistesche Klangfaarwen

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Rietsextreemen RN gëtt stäerkst Partei am franséische Parlament

Frankräich

Rietsextreemen RN gëtt stäerkst Partei am franséische Parlament

Am éischte vun zwee Tier vun de franséische Parlamentswale kënnt dee rietsextreeme Rassemblement National op déi éischt Plaz. Hannendru kënnt déi lénk Allianz Nouveau Front Populaire. Dem Emmanuel Macron säi Camp kënnt just op déi drëtt Plaz.

auto_stories

2 min

Walen Frankräich 2024 | © picture alliance / NurPhoto | Artur Widak

Déi final Resultater:

  • Rassemblement national an Alliéiert: 33 %
  • Nouveau Front Populaire: 28 %
  • Dem President seng Majoritéit: 20 %
  • Les Républicains: 6,57 %

Absolut Majoritéit? 

France 2 no kënnt de rietsextreeme Rassemblement National op maximal 280 Deputéiert. Fir eng absolut Majoritéit brauch een 289 vu 577 Deputéiert. Ifop, en anere Sondageinstitut deen ë. a. fir TF1 schafft, seet fir den RN maximal 270 Sëtz viraus. Wéi vill Deputéiert d'Partei vun der Marine Le Pen a vum Jordan Bardella um Enn kritt, hänkt awer vum zweeten decisiven Tour an enger Woch of. Le Monde erënnert drun, datt d'Sondageinstituter dem RN virun zwee Joer nom 1. Tour maximal 40 Sëtz virausgesot hunn. Um Enn waren et der 89. 

Den Emmanuel Macron huet direkt no der Publikatioun vun den éischten Héichrechnungen en Appell un déi aner Parteie gemaach fir am zweeten Tour zesumme géint den RN virzegoen. 

Benelux: Duell tëschent Cécilia Gondard a Pieyre-Alexandre Anglade

Wéi en Deputéierte fir de Benelux an d'Assemblée Nationale zitt ass nach net gewosst. Fest steet awer: am zweeten Tour gëtt et een Duell tëschent der Sozialistin Cécilia Gondard (1. Plaz) an dem aktuellen Deputéierte Pieyre-Alexandre Anglade (2. Plaz) ginn. D'Kandidatin vum rietsextreemen RN kënnt am Benelux-Raum op manner wéi 10 Prozent vun de Stëmmen. 

D'Resultater vum éischten Tour: 

  • Pieyre-Alexandre Anglade (Dem President seng Majoritéit): 35,5 %
  • Cécilia Gondard (Nouveau Front Populaire): 37,5 %
  • Charlotte Beaufils (Rassemblement national): 9,04 %

Wéi hunn déi franséisch Wielerinnen a Wieler zu Lëtzebuerg gewielt?

Déi meescht Stëmme goufe si dem Pieyre-Alexandre Anglade vun Ensemble (46,55%), virun der Sozialistin Cécilia Gondard (21,32%). D’Kandidatin vum RN krut 14,12%.

Hei eisen Artikel iwwer den Enjeu vun dësem 1. Waltour

Dësen Artikel gëtt lafend aktualiséiert