Radioen

On air

Notturno  |  Ideal - Blaue Augen

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Neit Online-Vergläichsportal verschaaft Iwwerbléck iwwert d'Präisser

Wunnstrukture fir eeler Leit

Neit Online-Vergläichsportal verschaaft Iwwerbléck iwwert d'Präisser

Den neie Regëster vun de Wunnstrukture fir eeler Persounen ass online. Op dësem Vergläichsportal stinn ënnert anerem d’Präisser fir Zëmmeren an den iwwer 50 Strukturen uechtert d’Land, grad wéi d’Präisser fir déi verschidden aner Servicer.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Adobe Stock

Dësen neie Regëster gouf op Basis vum Gesetz fir d’Qualitéit fir Servicer fir eeler Mënsche geschafen. Een Text, deen d’Chamber Mëtt vum leschte Joer gestëmmt hat.

51 vu 54 Wunnstrukture sinn online

De Minister Max Hahn huet den neie Regëster fir d’Servicer fir eeler Mënschen elo virgestallt. Den neien Internetsite infosenior.lu, deen zënter e puer Deeg online ass, soll fir déi néideg Transparenz an Informatiounen an dësem Beräich suergen, hofft de liberale Familljeminister.

"Wou een da kann als eelere Mënsch awer och als Familljemember kucken, wat u Servicer fir eeler Leit ugebuede gëtt, wat d’Konzepter dohanner sinn, wat och de Präis vun deene Leeschtungen ass, wat awer och Supplemente kaschten."

51 vu 54 Wunnstrukturen hu bis elo hir Präisser an Informatioune fir den neien Internetsite zur Verfügung gestallt. Do kann een zum Beispill liesen, datt an der neier Struktur Elysis zu Esch de Präis fir een 1-Bett-Zëmmer bei 4.500 Euro de Mount ufänkt: Deen héchste Präis vun alle verëffentleche Strukturen.

Fräi Zëmmere ginn net affichéiert

Den neie Regëster bitt awer net d’Méiglechkeet, d’Wunnstrukturen de Präisser no affichéieren ze loossen, erkläert de Claude Sibenaler vum Familljeministère.

"Nee, dat fënnt een net a mir gesinn dat och net als sënnvoll un, well de Präis eleng am Fong geholl näischt ausseet. (...) Dir kënnt een Zëmmer hunn, wat annoncéiert gëtt fir 2.000 Euro, an dann ass dat awer just de Basispräis. A wann dir um Enn vum Mount dann d’Supplementen nach all musst drop bezuelen, da leit Dir villäicht iwwert engem Präis vun engem Zëmmer, dat méi deier annoncéiert gi war."

D’Informatioun, wou Zëmmere fräi sinn, fënnt een net um Site.

De Minister Max Hahn huet d’Zuel vun 100.000 Awunner genannt, déi méi wéi 65 Joer hunn. Den Duerchschnëttsalter vun de Leit, déi a Strukture wunne ginn, läit bei 83 Joer. An der Moyenne bleiwen d’Leit 3,5 bis 4 Joer an dëse Strukturen.

Lauschterenplay_arrow