Nëmmen e Kazesprong läit tëschent al an nei. Knapp fënnef Meter nieft dem ale Gebai steet dat neit Diddelenger Déierenasyl. Fir d’Déieren an d’Ekipp bedeit den Neibau awer elo schonn däitlech besser Konditiounen.
Siwe Kazen an zwielef Hënn sinn an dat neit Gebai geplënnert. D’Asyl hat d’Unzuel vun den Déieren am Virfeld bewosst niddreg gehalen, fir de Stress fir d’Déieren an den Opwand fir d’Ekipp ze limitéieren.
Plënnere wier ëmmer stresseg
Och bei där kuerzer Distanz war den Ëmzuch awer eng logistesch Erausfuerderung. Nieft Material an Ekipement hunn och d’Déiere misse Schrëtt fir Schrëtt un hir nei Ëmgéigend gewinnt ginn.
Bei den Hënn huet d'Ekipp dat schonn e puer Deeg virum eigentlechen Ëmzuch gemaach. Si goufen duerch dat neit Gebai gefouert fir sech un déi nei Raim, Geräischer an d'Ambiance ze gewinnen.
Eréischt duerno, esou de Raphael Erpelding, Comitésmember vun der SPAD, der Société pour la Protection des Animaux Dudelange, goufe si Schrëtt fir Schrëtt definitiv eriwwer bruecht.
“Dat hu mir peu à peu opgebaut, bis halt den Dag komm ass, wou mir gesot hunn Ok gutt, elo maache mir dann déi éischt Nuecht hei. D’Kaze ware bëssi méi einfach. Déi wou iwwreg bliwwe sinn, waren elo gréisstendeels méi schei Kazen, dat heescht, déi hu mir missen a Kierf maachen, era setzen, a mir hunn d’Kierf opgemaach, mee déi waren och alleguer relativ schnell relax op hiren neie Krazbeem, mat där neier Vue. Ech mengen dat gefält hinnen.”
Well et bei de Kazen no der Plënneraktioun nees alles wéi gewinnt war, kënnen erëm nei Déieren opgeholl ginn. Bei den Hënn ass dat nach net de Fall. Dat wäert och nach daueren, well nach en Deel vun der zweeter Bauphas feelt.
Ënner anerem soll nach e Beräich entstoen, an deem mat den Hënn geschafft an trainéiert ka ginn. Och de Wee bei d'Auslaf-Plazen ass nach net komplett fäerdeg, well dat aalt Asyl nach op der Plaz steet.
Neit Gebai bréngt Entlaaschtung fir Mënsch an Déier
Wéini dat alt Gebai ofgerappt gëtt an déi lescht Aarbechten ofgeschloss sinn, kann de Raphael Erpelding nach net genee soen. Hien hofft awer, datt bis Enn vum Joer alles fäerdeg ass.
Fir d'Déieren an d'Leit, déi hei schaffen, ass den Ënnerscheed zum ale Gebai schonn elo grouss. Do hu Raim dacks e puer Funktioune gläichzäiteg missen erfëllen, dat ass elo net méi sou.
“Hei huet all Raum seng Bestëmmung. Déi aner Säit war et halt kleng, do hunn sech vill Räim, zu Gemeinschaftsraim entwéckelt. Déi aner Säit war alles improviséiert. Do hu mir zum Beispill um éischte Stack an engem Raum, do war de Shop, de Versammlungsraum, et war awer och de Raum wou eise Veterinairë hikomm ass, a mat eis Déieren traitéiert huet. D’Räim haten e puer méi Funktiounen, an hei ass dat natierlech vill méi organiséiert.”
Besonnesch wichteg ass dobäi och déi nei Quarantän. Nei oder krank Kaze kënnen hei getrennt vun den aneren Déiere gehal ginn, an déi néideg Hygiènesmesurë kënne besser agehale ginn. Och fir de Veterinaire gëtt et elo en eegene Raum.
Katze kënne rëm regulär opgeholl ginn
Méi Plaz gëtt et och fir d’Déieren. Eleng fir d'Hënn ginn et 13 Raim. Wéi vill Déieren do tatsächlech kënne liewen, hänkt dovun of, wéi gutt si sech ënnertenee verdroen. Bei de Kaze schätzt d'Déierenasyl d'Kapazitéit, eleng an den dräi grousse Raim, op ronn 80 bis 120 Déieren. Dobäi kommen nach separat Raim fir jonk Kazen a fir d’Quarantän.
Déi Plaz géing och gebraucht ginn, sot de Raphael Erpelding.
“Am generelle kann een ëmmer soen, et ass ëmmer eng Waardelëscht oder eng Demande vun 10 bis 15 Hënn, déi mir en Suspens hunn, wou mir halt ëmmer eréischt Muppe kënnen eran huelen, wa Platz ass. Et hätt een dat heite warscheinlech och kënnen duebel esou grouss bauen, an et hätt een et an Zäit vun engem Mound erëm gefëllt. Do sinn ech mir sécher, leider ass dat hautzedaags nach ëmmer esou.”
Zoustand vum ale Gebai war net méi optimal
Nieft der Plaz war och den Zoustand vum ale Gebai e Grond fir den Neibau. Dat aalt Gebai wier ëmmer méi an d’Jore komm. Virun allem beim Entretien an och a punkto Sécherheet war et ëmmer méi schwéier ginn, déi aktuell Standarden an Normen anzehalen.
D’Gebai wier einfach net méi zäitgeméiss gewiescht. Datt den Neibau sech um Enn zwee Joer gezunn hat, louch drun, datt fir den Neibau d’Infrastruktur ronderëm huet missen ugepasst ginn.
Nei Leitungen an Uschlëss goufe geluecht, well déi bestoend Infrastruktur ursprénglech net fir en Déierenasyl vun där Gréisst ausgeluecht war. Den Neibau huet der Diddelenger Gemeng no Ronn 8,8 Milliounen Euro Kascht a gouf komplett vun der Gemeng finanzéiert.
Dat neit Diddelenger Déierenasyl, dat direkt nieft dem ale steet, ass deemno gréisstendeels a Betrib. Bis d’Aarbechten am Beräich vun den Hënn ofgeschloss sinn, kënnen do awer nach keng nei Hënn opgeholl ginn. Bei de Kaze leeft de Betrib dogéint nees normal, an nei Kaze kënnen och nees opgeholl ginn.