Et war 2018 de Jean-Claude Juncker, deen de Géigner vun der Zäitëmstellung Hoffnung gemaach hat.
"Die Menschen wollen das, dann machen wir das."
Esou den deemolege Kommissiounspresident an engem Televisiouns-Interview. De fréiere Lëtzebuerger Premier hat sech dobäi op eng net representativ Etüd vun der Europäescher Kommissioun gestäipt, déi sot, datt wäit iwwer Zweedrëttel dofir wieren, d’Auer net méi ze dréinen a permanent d’Summerzäit anzeféieren.
Zënter aacht Joer gi sech d’EU-Memberlänner net eens
Dem Jean-Claude Juncker seng Kommissioun hat effektiv 2018 eng Propose fir d’Ofschafe virgeluecht. Déi stécht awer zënter aacht Joer um Niveau vun de Memberlänner fest, well si éischtens net all dofir sinn, domat opzehalen d’Auer ze dréinen. A si sech, zweetens, och net driwwer eens sinn, ob ee géif d’Summer- oder d’Wanterzäit bäibehalen.
Op EU-Niveau sinn et d’Transport-Ministeren, déi fir deen Dossier zoustänneg sinn.
Bréif vun EU-Deputéierten: Diskussioun muss nees opgeholl ginn
U si huet elo den däitschen Europadeputéierte vun der CDU, de Peter Liese, ee Bréif geschriwwen. "Weil die Verkehrsminister pennen, schlafen Millionen von Menschen schlecht”, schreift de Peter Liese an engem Pressecommuniqué. Hien ass selwer Dokter a setzt sech zënter Joren dofir an, datt d’Zäitëmstellung ofgeschaaft gëtt.
D’Europaparlament hat dat och 2019 mat grousser Majoritéit gefuerdert.
Et wier un der Zäit, d’Diskussiounen nees opzehuelen an eng europäesch Léisung ze fannen, heescht et an deem Schreiwes, wat vu ronn 50 Europadeputéiert aus 15 verschiddene Länner a sechs politesche Fraktiounen ënnerschriwwe gouf, dorënner och d’Martine Kemp vun der CSV an d’Tilly Metz vun deene Gréngen.
EU-Kommissioun: Et ass un de Memberlänner ze tranchéieren
"Eis Positioun ass déi nämmlecht ewéi 2018."
Esou heescht vu Säite vun der Kommissioun op eis Nofro. D’Kommissioun awer wier prett konstruktiv mat ze diskutéieren, esou d’Porte Parole Anna-Kaisa Itkonen.
"Eis Roll ass et, een Accord tëschent de Länner ze encouragéieren an ze koordinéieren. Mee um Enn ass et un hinnen ze decidéieren."
D’Etüd vun 2018 war an d’Kritik geroden, wëll si net representativ war. Dem Opruff, drun deelzehuelen, waren zwar iwwer véier Millioune Leit an der EU nokomm. Zwee Drëttel dovu koumen awer aus Däitschland wärend sech aus südleche Länner nëmme ganz wéineg Leit gemellt haten
Nei Etüd an der Maach
D’Europäesch Kommissioun ass amgaangen eng nei Etüd ze maachen, confirméiert d’Spriecherin vun der Kommissioun. D'Zil wier, den Decisiouns-Prozess, wa méiglech, virunzebréngen.
"D’Aarbecht ass amgaangen. D’Etüd wäert sech mat de verschiddenen Aspekter ronderëm d’Zäit-Ëmstelle beschäftegen."
Bis wéini d’Resultater virleien, wollt d’Ana-Kaisa Itkonen net verroden. D’Transportministeren aus de 27 EU-Länner kommen deen nächsten Donneschdeg zu Lëtzebuerg zesummen. Bis elo huet kee Land dee Sujet op den Ordre du jour gesat.