Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Neien Organigramme am Ëmweltministère

Ëmbau

Neien Organigramme am Ëmweltministère

Am Ëmweltministère ënnert dem neie Minister Serge Wilmes vun der CSV, kënnt et zu gréissere Personalchangementer um ieweschte Beamtenniveau.

auto_stories

1 min

Gëschter kruten d‘Beamten den neien Organigramm presentéiert. D’Coordination générale déi de ganze Ministère koordinéiert, gouf ëmgebaut, déi dräi betraffe Mataarbechter André Weidenhaupt, Marianne Mousel an Mike Wagener kréien zum Deel nei, direktiounsiwwergräifend Aufgaben, wéi et vum Ministère heescht. Nei ass e Cabinet ministériel, de Charles Hurt, bis elo Affekot an der Etüde Schiltz et Schiltz a fréieren CSJ-President, gëtt neie Coordinateur général, den Thomas Schoos gëtt Coordinateur fir Affaires générales et internationales.