Radioen

On air

Notturno  |  Pinkshinyultrablast - Holy Forest

play_arrow Live
search

/ Neie mandat d'arrêt géint den ofgesate südkoreanesche President

Hat Krichszoustand ausgeruff

Neie mandat d'arrêt géint den ofgesate südkoreanesche President

A Südkorea huet d’Justiz en neie mandat d’arrêt géint den ofgesate President Yoon Suk Yeol ausgestallt. Domat soll fir d’zweet versicht ginn, dass d’Enquêteuren de Mann héiere kënnen, dee fir kuerz Zäit de Krichszoustand am asiatesche Land ausgeruff hat.

auto_stories

1 min

© Flickr / Kang Min Seok
(Foto: Flickr / Kang Min Seok)

 Den ofgesate President huet sech allerdings a senger Residenz an der Haaptstad Seoul verschanzt, zesumme mat senge Sécherheetsleit.