search

/ Selenskyj: Nei Sanktioune sinn “enorm wichteg”

EU erhéicht den Drock

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Selenskyj: Nei Sanktioune sinn “enorm wichteg”

Kuerz virum EU-Sommet gouf decidéiert, e kompletten Importverbuet vu russeschem Gas 2027 un ze lancéieren. Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj hofft elo drop, datt d’EU och déi agefruere russesch Staats-Suen deblockéiert.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj um EU-Sommet (Archiv) | © European Union
Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj um EU-Sommet (Archiv) (Foto: European Union)

Zum Sanktiounspak gehéieren iwwerdeems weider Strofmoossnamen am Finanzsecteur an am Handelsberäich. An och d’Beweegungsfräiheet vu russeschen Diplomate soll bannent der EU reduzéiert ginn.

Slowakei zitt Blockad zeréck

Dee neie Pak konnt no wochelaange Verhandlunge schlussendlech gestëmmt ginn. Dat nodeems d’Slowakei hir Awänn zeréckgezunn huet. De slowakesche Regierungschef Robert Fico hat an deem Kontext erkläert, datt d’EU -  wéi vun der Slowakei gefuerdert – zougesot hätt, géint déi héich Energiepräisser virzegoen.

Et wier wichteg, weiderhin den Drock op Russland mat Sanktiounen ze erhéijen, fir datt Russland sech zu Verhandlunge géif bereet erklären, esou den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj um EU-Sommet. E richtege Friddensplang gëtt et senger Meenung nach net. 

“Méi Drock op Russland, soudatt si sech mussen dohi sëtzen a schwätzen. Ech mengen, dat ass de Plang.”

Agefruere russesch Staats-Suen: Zu Lëtzebuerg just 10.000 Euro

Iwwerdeems erkläert den ukrainesche President, wéi wichteg den Asaz vum agefruere russeschem Staatsverméige wier. An der Haaptsaach geet et ëm 140 Milliarden Euro, déi an der Belsch agefruer sinn an déi sollen der Ukrain als Prêt zur Verfügung gestallt ginn.

Russesch Staats-Sue leien awer net nëmmen an der Belsch, mee och an anere Länner. 25 Milliarden Euro wieren op Konten a verschiddenen EU-Länner blockéiert. Dat geet aus internen EU-Dokumenter ervir. Lëtzebuerger Sourcen no géif am Grand-Duché e Montant vu just 10.000 Euro leien. 

De Wolodymyr Selenskyj huet iwwerdeems virun der Press eng éischte Kéier e kloren Zäitraum genannt, an deenen d’Ukrain dës Sue bräicht: An zwar 2026, am beschten ufanks nächst Joer.

 

play_arrow Lauschteren