Am Oktober dëst Joer gëtt eng Fidélitéitsprimm an Héicht vun 1.200 Euro bezuelt. 2024 sinn et 600 Euro am November an dat Joer dono sinn et nach eng Kéier 500 Euro. Déi Primm gëtt un all d’Salariéen ausbezuelt déi op mannst ee Joer Anciennetéit hunn. D’Tariffer fir d’Nuetsstonne ginn ëm 7 Prozent an d’Luucht.
D’Direktioun vun Arcelor Mittal an d’Gewerkschafte si sech driwwer eens ginn, datt se bis Enn 2025 un enger neier Karriären- a Primmentabell schaffen.