search

/ Neie Gesondheetsberuff tëschent Aide-Soignant an Infirmier: Den Technicien de Soin

National

|
reading time

2 min

Neie Gesondheetsberuff tëschent Aide-Soignant an Infirmier: Den Technicien de Soin

D'Schafe vun deem neie Beruff am Gesondheetssecteur ass ee vun den Ziler vun der CSV-Santésministesch Martine Deprez. Fir esou ee Projet awer kënnen ëmzesetzen, misst ee fir d’éischt d'Beruffer vum Aide-Soignant an deem vum Infirmier an Infirmière beschreiwen.

reading time

2 min

Infirmière (Symbolbild) | © picture alliance / NurPhoto | Jose Luis Torales
Infirmière (Symbolbild) (Foto: picture alliance / NurPhoto | Jose Luis Torales)

Aus deem Grond sollen all d’Gesetzer aus de 90er Joren, déi d’Gesondheetsberuffer definéieren, op de Leescht geholl ginn.

Dräi Kategorien 

Een éischte Gesetzesprojet iwwer den Infirmier en soins généraux beschreift d’Kompetenzen an d’Autonomie, déi een an der Praxis kann hunn. D’Santésministesch Martine Deprez erkläert, datt beispillsweis an der Kategorie A1 déi Leit dra sinn, déi kennen autonom schaffen. 

"Dat heescht do ass d'Infirmière. Si mécht dat, well si dat geléiert huet, well si dat kann a well si kann decidéieren, ob dat elo opportun ass oder net." 

An der Kategorie A2 wieren déi, déi kéinten déi Akten ausschaffen, déi ee Medezinner decidéiert huet. 

"Mee de Medezinner muss net derbäi sinn. E muss se just och beschriwwen hunn." 

An da géif et nach eng drëtt Kategorie ginn, esou d'Ministesch. 

"Wou den Dokter muss relativ schnell zur Verfügung sinn, wann den Akt gemaach gëtt a falls vläicht iergendeppes schifleeft." 

Eng Taskforce, déi all d’Acteuren aus dem Fleege- a Santéssecteur regroupéiert, diskutéiert iwwer all déi Gesetzesprojeten, déi an den nächste Méint sollen iwwerschafft ginn, ënner anerem och deen iwwer een Infirmier en pratique avancée, deen also ënner Ëmstänn méi Kompetenze kéint kréien.

D’Santésministesch ass oppen dofir, fir de Gesetzestext ze reformuléieren, wann dat an der Chamberkommissioun oder an den Avisen zum Projet de Loi esou gefuerdert gëtt.