search

/ Nei US-Douanestaxe vun 100 Prozent op verschiddene Medikamenter - EU net betraff

USA

|
reading time

1 min

Nei US-Douanestaxe vun 100 Prozent op verschiddene Medikamenter - EU net betraff

Den US-President Donald Trump fiert weider mat senger aggressiver Douanespolitik. Hien huet per Dekreet Douanestaxe vun 100 Prozent op verschiddene Medikamenter decidéiert. D'EU ass net dovu betraff. Mat den neien Taxe wëllt den Trump Pharmakonzerner dozou brénge sech an den USA nidderzeloossen.

reading time

1 min

© EPA/PRESIDENTIAL PRESS SERVICE
(Foto: EPA/PRESIDENTIAL PRESS SERVICE)

Wa d'Pharmakonzerner dat maachen, musse se d‘Taxen net bezuelen. Am anere Fall sollen déi Taxe vun 100 Prozent 120 Deeg laang fir grouss Pharmakonzerner, a 60 Deeg fir méi klenger gëllen. 

Haut ass et genee ee Joer hier, datt den Donald Trump seng Douanestaxen-Offensiv mat grousse Pancartë lancéiert hat. An Tëschenzäit huet d‘Iewescht Geriicht an den USA awer vill vun deenen Taxe gekippt, well se dem Geriicht no illegal waren.