Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
search

/ Nei Tarifstruktur: Handwierkerfederatioun rechent mat zousätzleche Schwieregkeete fir d'Betriber

Energie an Handwierk

Nei Tarifstruktur: Handwierkerfederatioun rechent mat zousätzleche Schwieregkeete fir d'Betriber

D’Handwierkerfederatioun seet sech net iwwerrascht iwwert déi nei Tarifstruktur fir de Stroumreseau, déi den ILR dës Woch annoncéiert huet. Fir d’Gestioun vum Reseau géif et Sënn maachen, de Stroumverbrauch méi iwwert den Dag ze verdeelen. Mee fir d’Handwierksbetriber kéint et zousätzlech Schwieregkeete mat sech bréngen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Handwierk | © Dominik Scythe / Unsplash play_arrow

An zwar grad fir kleng Betriber, déi vu fossillen Energien op Stroum ëmklammen, kéint et schwiereg ginn, esou de Marc Thein, President vun der Fédératioun vum Génie technique vun der Handwierkerfederatioun.

"Mir mussen dat elo analyséieren, wann dat elo am Detail virläit, wat dat fir déi kleng Betriber bedeit, wéi si sech mussen do uleeën, wéi dat ka weidergoen. An dat ass natierlech nach ëmmer eng zousätzlech Schwieregkeet zu deene Schwieregkeeten, déi mir haut schonn alleguerten awer nach hunn."

Et misst ee schliisslech bedenken, datt déi Kris, an där een nach ëmmer ass, an déi mat Covid ugefaangen huet, nach net eriwwer wier, esou de Marc Thein. 

Et hätt och Alternative ginn, mee ...

Datt de Reseau déi aktuell Entwécklunge muss packen, däers ass de Marc Thein sech och bewosst. Souwuel wat d’Productioun vu Solarstroum ewéi och de Stroumkonsum ugeet.

"Dat huet jo en Impakt op eis Photovoltaikinstallatiounen. Et ass jo net nëmmen de Stroum, deen ech zéien, mee et ass och dee Stroum, deen ech ofginn. A wann ech dann natierlech am Summer e flotten Dag hunn an all Mënsch gëtt säi Stroum of, dann hu mir do natierlech e Problem mat eise ganze Reseauen."

Datt a sou engem Fall gereegelt muss ginn, oder probéiert gëtt ze reegelen, dat wier eng Saach, déi de Fachleit bekannt war, seet de Marc Thein. 

"Oder op jidde Fall eppes, wou mir eis erwaart hunn, dass dat elo iergendwann eng Kéier géif kommen."

De Marc Thein ass der Meenung, datt een iwwert een anere Wee hätt kënnen handelen, ewéi dat wat den ILR elo proposéiert. Nämlech, datt een am Fall vun Engpäss um Stroumreseau d’Stroumzouliwwerung hätt strategesch kënnen drosselen, mee do hätt een an d’Privatliewe vun de Stéit agegraff.

Lauschterenplay_arrow