arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei Struktur Findel Clinic suergt fir vill Kritik vu Politik a Gewerkschaften

Chamberkommissioun Santé

|
headphones

3 min

Nei Struktur Findel Clinic suergt fir vill Kritik vu Politik a Gewerkschaften

Déi nei Struktur Findel Clinic gouf viru gutt enger Woch bekannt. Gëschter an der zoustänneger Chamberkommissioun hu virun allem d'LSAP an déi Lénk op en Neits virun enger Zwee-Klasse-Medezin gewarnt. Och d'Gewerkschaften OGBL an LCGB äusseren hir Kritik an engem Bréif un de Premier Luc Frieden.

headphones

3 min

© Cstock / Bigstock
(Foto: Cstock / Bigstock)

Parallel zu der Kritik an der Kommissioun hunn d‘Gewerkschaften OGBL an LCGB gëschter um Méindeg e weidere Bréif un de Premier Luc Frieden geschéckt. Am Bréif den eis virläit gëtt net mat Kritik un der aktueller Gesondheetspolitik gespuert.

Gewerkschafte spueren alt nees net mat Kritik 

Kritiséiert gi souwuel d‘Gesondheetsministesch Martine Deprez an d‘Politik vun der CSV-DP-Regierung wéi och d‘AMMD an d‘Direktioun vun der CNS. Déi ganz Aktioune géifen op soss näischt anescht eraus lafe wéi d‘Privatiséierung vum Gesondheetssystem.

D‘Regierung géif d‘Spill vun der AMMD spillen, déi eng komplett Liberaliséierung vun der Gesondheetsversuergung wéilt duerchdrécken, so nach d‘Schreiwes.

Gesondheetsministesch gesäit vill Responsabilitéit beim collège médical 

D'Gesondheetsministesch Martine Deprez huet gëschter um Méindeg an der zoustänneger Chamberkommissioun iwwerdeems ëmmer nees op d'Verantwortung vum Collège médical verwisen. 

Een Immobilieprojet mat néideger Administratioun 

Déi sougenannte Findel Clinic soll am Mäerz nächst Joer hir Dieren opmaachen. D'Grënner Dr. Philippe Wilmes (Chirurg an den HRS) an den Dr. Alain Schmit (Gastroenterolog am CHEM) beschreiwen hir Struktur als en Immobilieprojet, bei deem Lokalitéite mat där néideger Administratioun un Dokteren aus dem In- an Ausland solle verlount ginn.

D'CSV-Gesondheetsministesch betount op en Neits, datt et en Immobilieprojet wier, deen net misst beim Ministère virgestallt ginn. A Saachen Deontologie verweist si op de Collège médicale, deen do an der Verantwortung wier ze decidéieren, ob déi Aktivitéite konform mam Code de Deontologie wieren.

"Jee nodeem wéi dat hannenno an der Exekutioun ausgesäit, kéint dat eventuell, wann dat esou an déi Richtung leeft, wéi Dir gesot hutt, problematesch ginn um Niveau vum Code de déontologie, mee souwäit si mir jo nach net. Dat heescht, wann do de Collège médical Bedenken hätt, datt dat wat de Moment dobausse gesot gëtt oder esou wéi et ausgesäit oder Är Ängschten, ech mengen, wann een Ängschten huet, datt eppes net richteg leeft, däerf een ëmmer sech beim Collège médical melden a si am Vertrauen doriwwer informéieren an da wäerte si schonn hir Verantwortung huelen, fir ze kucken, ob dat doten esou wéi et de Moment opgestallt ass, konform zum Code de déontologie ass.” 

Kritik vun der Oppositioun 

D'Oppositiounsparteien déi gréng, déi Lénk an d'LSAP gesinn dee Projet awer kritesch a warne virun allem virun enger Entwécklung, déi zu enger Zwee-Klasse-Medezin kéint féieren. De Mars Di Bartolomeo:

"Do solle sougenannte Cityhopper-Doktere kommen, déi zwee bis dräi Deeg oder een Dag do sollen hospitéieren. An do muss ee sech froen, wéi ass et mat der Continuité des soins? An déi zweet, wéi ass et mam Personal?"

Doropshi betount d'Martine Deprez:

"Jo, mir hunn eng Strategie fir méi no baussen opzemaachen. Mee mir hu keng Strategie fir alles iwwerall ze maachen. Mir hunn och keng Strategie fir fräi Tarifikatioun ze maachen. A mir hu virun allem keng Strategie fir en Zweeklassesystem ze maachen."

Och den Numm "Klinik" léisst eng grouss Konfusioun aus, seet de Kommissiounspresident Marc Spautz.

"Eleng wéi deen Numm do benotzt ginn ass, dat géif net eisem Gesetz entspriechen, géif ech soen."

Am Spidolsgesetz ass de Begrëff geschützt.

D'CSV-Ministesch Martine Deprez verweist awer dorop, datt esoulaang do keng Aktivitéite géife gemaach ginn, déi ënner d'Spidolsgesetz falen, esoulaang wier den Term "Klinik" net a Fro ze stellen.

De Grënner Philippe Wilmes hat d'lescht Woch am 100,7 Interview betount, de Projet sollt keng Klinik, mee éischter eng grouss Dokteschpraxis ginn, an där bis zu 15 Spezialitéiten nieftenee schaffe kéinten.