Radioen

On air

Notturno  |  Richard Marks - Speak Now

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Koalitiounsaccord steet: Déi nei Regierung kritt 15 Ministeren

Regierung

Koalitiounsaccord steet: Déi nei Regierung kritt 15 Ministeren

De Formateur Luc Frieden huet haut virun der Press ugekënnegt, datt de Koalitiounsaccord fir déi nei schwaarz-blo Regierung steet. En Donneschdeg Moie soll den Accord ënnerschriwwe ginn.

auto_stories

1 min

headphones

3 min

De Claude Wiseler, Luc Frieden, a Xavier Bettel. | © Serge Kesseler play_arrow
De Claude Wiseler, Luc Frieden, a Xavier Bettel. (Foto: Serge Kesseler)

5 Wochen no de Chamberwale steet de Koalitiounsaccord fir déi nei schwaarz-blo Regierung. Déi lescht Detailer grad wéi d‘Besetzung vun de verschidde Ressorte géife bis e Mëttwoch gekläert ginn, huet de Formateur Luc Frieden um Méinden Mëtten virun der Press annoncéiert. 

Et wäert 15 Ministere ginn a keng Staatssekretären. De Koalitiounsprogramm an d’Regierungsequipe musse vun de jeeweilege Parteigremien ofgeseent ginn.

Dat soll e Mëttwoch Owend am Comité directeur vun der DP souwéi am Nationalrot an duerno dem Nationalkongress vun der CSV geschéien, hunn d‘Delegatiounscheffe Xavier Bettel a Claude Wiseler wësse gedoen. En Donneschdeg Moie soll den Accord ënnerschriwwe ginn.

Duerno wäert d’Ëffentlechkeet op engem Point Press iwwer d’Eckpunkten aus dem Koalitiounsofkommes informéiert ginn. De ganze Programm wäert awer eréischt no der Regierungserklärung vum neie Premier an der Chamber verëffentlecht ginn, also eréischt am Laf vun der nächster Woch.

Konkret Detailer goufen haut dann och keng genannt. D’Koalitiounsverhandlunge wieren an enger konstruktiver Atmosphär verlaf hunn de Formateur an déi zwee Delegatiounscheffe widderholl. D’Haaptziler wiere bei béide Parteien déi nämmlecht gewiescht: Wunnengsbau, d'Erhale vun der Kafkraaft, d'Sécherheet, de Klimaschutz an d'Stäerke vun der Wirtschaft.