search

/ Nei Luxair-Maschinn misst an der Loft ëmdréinen an zeréck op de Findel

Vol op Mailand

|
headphones

1 min

Nei Luxair-Maschinn misst an der Loft ëmdréinen an zeréck op de Findel

Der Luxair hiren neien Embraer Fliger wier de Moien um Wee op Mailand nees an der Loft ëmgedréint an zréck op de Findel geflunn. Dat mellt d'Lëtzebuerger Wort. Op eis Nofro hin, huet d'Pressespriecherin vu Luxair dat och confirméiert.

headphones

1 min

© Luxair
(Foto: Luxair)

D‘Pressespriecherin vun der Luxair seet, datt et eng Virsiichts-Moossnam gewiescht wier, a keen technesche Problem. Dat ouni weider Detailer ze nennen. Si confirméiert awer, datt déi 37 Passagéier op eng aner Maschinn ëmgeklomm si fir op Mailand ze fléien. 

Déi nei Embraer si réischt am November geliwwert, an Ufank dës Joers a Betrib geholl ginn. Deen offiziellen Aweiungs-Fluch vum neie Fliger war virgëschter op Wien.