Radioen

On air

Moiesstudio  |  Moiesstudio

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Nathalie Morgenthaler: "Ongerechtegkeete bekämpfen, dat ass menges"

Portrait

Nathalie Morgenthaler: "Ongerechtegkeete bekämpfen, dat ass menges"

Virun enger gudder Woch ass d’Nathalie Morgenthaler um Krautmaart vereedegt ginn. Déi 44 Joer al Suessemer Schäffen ass op der CSV-Südlëscht fir de Gilles Roth an d’Chamber nogeréckelt. Wien ass déi nei Deputéiert a wéi eng Impulser wëll si an hirer neier Roll setzen? D’Marlène Clement huet d’Nathalie Morgenthaler an hirem Büro op der Gemeng Suessem getraff.

auto_stories

4 min

headphones

5 min

© Marlène Clement play_arrow
(Foto: Marlène Clement)

Den Intressi fir d‘Politik koum bei der Nathalie Morgenthaler ganz fréi. Fir genee ze sinn am jonken Alter vun 8, 9 Joer, wéi si mat hirer Famill de satiresche Joresréckbléck, d’Revue, an den Theater kucke gaangen ass.

"An do sinn da Sketcher opgefouert ginn iwwer Politiker, déi ech net kannt hunn. Dann huet de ganze Sall gelaacht an doropshin hunn ech ugefaange mech fir déi verschidde Personnagen ze intresséieren. An dann och zimmlech fréi ugefaangen d’Zeitung ze liesen. Am Ufank war et just d’Männer an d’Frae fir déi ech mech intresséiert hunn an dunn awer och fir d’Politik fir déi se stoungen. A wou dunn 1995 de Jean-Claude Juncker Premier ginn ass, wat eng Persoun hei aus dem Duerf en plus ass, aus menger eegener Gemeng, an ech d’Famill och kannt hunn, war ech du fir d’CSV a virun allem och fir hie verkaf."

Mat 23 Joer am Gemengerot

Richteg ugefaangen huet hire politesche Parcours 1997 wéi d’CSV-Jugendsektioun, CSJ, gegrënnt ginn ass. Dee Moment war d’Nathalie Morgenthaler 16 Joer al.

"Do war ech da vun Ufank un dobäi an do hat ech d’Chance, datt ech 1999, direkt zwee Joer duerno scho mat 18, 19 Joer, konnt mat an d’Gemengwale goen. An 2003 hat d’Madame Lentz-Cornette Plaz fir mech gemaach an do hunn ech awer nach ee Joer Uni dru gehaangen. An ech hat d’Chance dann eben deemools scho mat 23 Joer an de Gemengerot nozeréckelen. Wat deemools, iwweregens, wat d’Leit sech net méi esou bewosst sinn, well haut si se scho mat 20 Joer Buergermeeschter, mee déi Zäit war dat jonk, an ech war hei 14 Joer dat jéngst am Gemengerot. Sou gesi si mir ee wäite Wee gaangen. Mir waren och just zu zwou Fraen am Gemengerot. Dat huet och an deene leschten 20 Joer geännert."

Zanter 2017 ass si Schäffin zu Suessem an zanter enger gudder Woch och Deputéiert. Domat sëtzen elo zwanzeg Fraen um Krautmaart. Datt méi Jonker an och méi Frae géife gewielt ginn, wier eng positiv Entwécklung, fënnt d’Nathalie Morgenthaler.

"Déi huet sech op natierlechem Wee gemaach, awer och zum Deel iwwer d’Quoten. Ech si perséinlech guer net esou ofgeneigt vun deene Quoten, well se awer hiren Zweck erfëllen. Mir schwätzen dacks nëmmen iwwer d’Fraequot, mee mir hunn déi och fir den Alter, mir hu se fir d’Uertschaften, wou d’Leit kommen. Bei de Ministere gëtt zum Deel opgepass,  aus wat fir enger Bezierker datt se kommen."

De Kontakt mat de Leit wäert feelen

Fir hiert neit Mandat an der Chamber huet d’Nathalie Morgenthaler missen hiren Direktesch-Poste beim Centre pour l'Egalité de Traitement opginn. Eng Ulafstell fir Affer an Zeie vun Diskriminatioun. No 18 Joer wier et net einfach hiren, wéi si selwer seet, “Häerzensprojet” hannert sech ze loossen.

"Jo, wéi gesot, hunn ech d’Aarbecht missen opginn, well et eben um Staat rattachéiert ass. Wat mir awer och Leed deet, well ech do vun Ufank un dobäi war. Ech war do d’Direktesch an ech hunn dat konnte vun Null op, dat wat haut ass, opbauen."

Dat wat hir warscheinlech am meeschte géing feelen, dat wier den direkte Kontakt mat de Leit, déi engem hir Doleancen a Problemer uvertrauen, mengt déi fréier CET-Direktesch.

"Also, ech wëll net soen, datt een dat als Deputéierten net méi ka maachen, mee vläicht net an deem heiten Ëmfeld oder Eenzelfäll. Datt et da vläicht éischter Veräiner sinn oder Federatiounen, déi mat allgemengen Doleance bei ee kommen an net méi sou Eenzelfäll. An et sinn awer dacks déi Eenzelfäll, déi engem awer e bëssen ze realiséiere ginn, wou d’Problemer um Terrain leien. Ech hoffen awer datt een d’Geleeënheet kritt, datt een déi awer och nach ze héiere kritt an doduerch kann ee Gesamtbild kréien, wou d’Problemer am Land sinn."

Beruflech Erfarunge mat an d'Chamber bréngen

D’Erfarung déi si beim CET gemaach huet, wëll si mat op de Krautmaart huelen. Si ass der Meenung, datt d’Gesetz vum CET onbedéngt misst iwwerschafft gi fir, deem Gremium méi Moyenen ze ginn. Zum Beispill fir mat den Zeien, respektiv Affer viru Geriicht ze goen.

"Et ass esou, datt schonn een éischten Text um Dësch läit, wou den CET an iwwerhaapt déi Organisatiounen, déi un d’Chamber rattachéiert sinn, sollen zesummen an ee Gesetzestext fléissen. An ech hu lo d’Chance, datt ech an der Institutioune-Kommissioun och sinn, wou deen Text da warscheinlech iergendwann eng Kéier ënnerbreet wäert ginn an da kann ech do aktiv mat kommentéieren un deem Text."

Doriwwer eraus ass d’Nathalie Morgenthaler nach a fënnef aner Chamber-Kommissiounen: Famill, Sport, Aarbecht, Affaires intérieures a Petitiounen. Déi nei Erausfuerderung géing si mat voller Motivatioun ugoen, esou d’Suessemer Schäffin an nei Deputéiert. Eppes ass hir och an hirer neier Roll besonnesch wichteg: "Ongerechtegkeete bekämpfen, dat ass Menges."

Lauschterenplay_arrow