Radioen

On air

Notturno  |  Ananda Grows - Die Zufällige Explosion Des Nichts

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Israel huet Deel-Evakuatioun vu Rafah ugefang

Noen Osten

Israel huet Deel-Evakuatioun vu Rafah ugefang

Israel huet ugefaangen Deeler vun der Zivilpopulatioun aus der Stad Rafah am Süde vun der Gazasträif ze evakuéieren. Déi israeelesch Arméi huet eng „limitéiert“ Militäraktioun an der Stad annoncéiert, an där eng estiméiert 1,5 Millioune Palestinenser liewen.

auto_stories

2 min

© picture alliance/dpa/dpa-Pool | Christoph Soeder
Foto: picture alliance/dpa/dpa-Pool | Christoph Soeder

Ronn 100.000 Leit am ëstlechen Deel vun der Stad géifen opgeruff ginn, d‘Stad ze verloossen an a e Camp weider nërdlech ze goen, esou Israel. Déi Betraffe géifen iwwer Plakater, SMSen, Telefon an Annoncen an de Medien informéiert ginn, sou Israel.

Sämtlech Alliéiert vun Israel dorënner d‘USA, haten Israel an der Vergaangenheet ëmmer nees vun enger groussen Offensiv op Rafah ofgeroden, well gefaart gëtt, datt d‘Zuel vun zivillen Affer ganz héich kéint sinn.

Weidere Grenziwwergang zougemaach

Israel huet gëschter de Grenziwwergang Kerem Shalom bei der Gazasträif zougemaach nodeems d‘Hamas Rakéiten-Attacke lancéiert hat. Dräi israeelesch Zaldote wieren dobäi ëm d‘Liewe komm an 11 Zaldote wiere blesséiert ginn, seet Israel.

De Grenziwwergang Kerem Shalom war eng vun de wéinege Routen, déi et nach gouf, fir humanitär Hëllef an d‘Gazasträif ze bréngen.

Bei de Verhandlunge fir eng Wafferou an d‘Liberatioun vun de Geisele gëtt et weider keen Duerchbroch. Mediateuren hunn déi lescht zwee Deeg weider an Ägypten verhandelt fir den Accord ze fannen.

An engem Statement sot d‘Hamas, déi lescht Verhandlungsronn wier gëscht op en Enn gaangen. D‘Hamas Delegatioun géif elo an de Katar reese fir do mat hire Leaderen ze schwätzen.

Tëlee Sender Al-Dschasira gëtt verbueden

Nodeems Israel den arabeschen Tëlees-Sender Al-Dschasira an Israel zougemaach huet, huet d‘UNO betount wéi wichteg et wier, dass d‘Pressefräiheet iwwerall respektéiert gëtt. D‘UNO wier prinzipiell géint all Decisioun, d‘Pressefräiheet ze ënnerdrécken, sot en UNO Spriecher zu New York.

Do virdrun hat déi israeelesch Regierung decidéiert, d‘Televisiouns-Châine Al-Dschasira an Israel ze verbidde well hir Couverture vum Gaza-Krich e Risiko fir d‘Sécherheet vun Israel géif bedeiten. Israel gehait Al-Dschasira vir, Propaganda fir d‘Hamas ze verbreeden.