Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Fleet Foxes - White Winter Hymnal

play_arrow Live
search

/ D'LSAP wëllt eng Diskussioun iwwer de Fonctionnement vum Staatsrot féieren

No Net-Nominatioun vum Max Leners

D'LSAP wëllt eng Diskussioun iwwer de Fonctionnement vum Staatsrot féieren

Den Ausgang vum Vott den Dënschdeg am Staatsrot koum iwwerraschend, virun allem fir d'LSAP. Hire Kandidat, de jonken Affekot Max Leners huet net déi néideg Stëmme kritt, fir säi Parteikolleeg Christophe Schiltz am héije Gremium ze ersetzen.

auto_stories

2 min

headphones

4 min

Francine Closener | © Jo Diseviscourt play_arrow
Foto: Jo Diseviscourt

Amplaz gouf de Georges Kohn an de Staatsrot gewielt. Dat mat 11 zu 6 Stëmmen an zwee wäisse Votten. De Georges Kohn ass Vize-President vum Conseil arbitral vun der Sécurité Sociale (CASS) an entsprécht mat senge Kompetenzen dem zweete Profil vun engem Expert an der sozialer Sécherheet, deen de Staatsrot gesicht hat.

Hien hätt keng parteipolitesch Attachen, huet RTL den Dënschdeg gemellt. Bei der LSAP ass d'Enttäuschung grouss an et géif een déi politesch Spillereie bedaueren, huet d'Parteipresidentin Francine Closener den Dënschdeg am 100,7-Interview zum Ausdrock bruecht.

Francine Closener: E Vott géint d'LSAP

Et géif d'Resultat vun en Dënschdeg als Vott géint d'LSAP interpretéieren, esou nach d'Francine Closener. Besonnesch schued wier och nach, datt elo keng Verjéngung am Staatsrot géif geschéien. D'LSAP wëllt elo iwwerleeën, wéi eng Suite si där Decisioun vun en Dënschdeg wëllt ginn. Kloer wier, esou d'Francine Closener, datt eng Diskussioun iwwer de Fonctionnement vum Staatsrot misst geféiert ginn.

"Arroganten Ëmgang mat der Oppositioun"

Et wier bedauerlech, wéi déi parteipolitesch Majoritéit elo och am Staatsrot mat der Oppositioun ëmgeet. Dat wier ee weider Beispill fir den "arroganten Ëmgang vun de Regierungsparteie mat der Oppositioun". Well de Vott geheim war, kéint si net soen, wie wéi gestëmmt huet, esou d'Francine Closener.

"Ech hätt et nach verstanen, oder d'LSAP hätt verstanen, wa mer elo e Kandidat proposéiert hätten, deen net dem Profil vum Staatsrot entsprach hätt, mee de Max Leners huet deem Profil, engem vun deenen zwee Profiller, 200 Prozent entsprach."

De ganzen Interview mat der Francine Closener

Lauschterenplay_arrow