Däin Häerz schléit fir déi klassesch Musek?
Du wëlls deng Passioun deelen an d’Nolauschterinnen an Nolauschterer vum Opus domat begeeschteren? Da bass du bei eis richteg ! D’Ekipp vum Opus sicht en neie Member. Bei eis schaffs du am Déngscht vum Service public a bass no um Bols vun der nationaler an internationaler klassescher Musekszeen. Du féiers Interviewe mat Kënschtler:innen, recherchéiers spannend Theemen, entwéckels nei Sendungsformater a Podcasten an inspiréiers eise Public – am Studio wéi och bei Live-Moderatiounen.
Wéi stäerks du d’Ekipp vum Opus?
Du bass virwëtzeg, kreativ an hues Loscht, komplex Theeme verständlech, spannend an ouni Angscht virun Emotiounen opzebereeden. Du gesäis d’Zesummenaarbecht mat dengem Team als eng Quell vu Kreativitéit a Qualitéit.
Wourop s du dech verloosse kanns
Eng dynamesch a sympathesch Ekipp, déi hir Leidenschaft a gutt Laun on-air, sou wéi off-air lieft. Du gëss vu Grond op agefouert a professionell begleet, mat klore Prozesser an engem permanente Austausch, fir dech séier fir d’Antenn fit ze maachen. Mir bidden dir en Aarbechtskontrakt op onbestëmmten Dauer (CDI) an e Salaire mat attraktive Perspektiven. An et vergeet kaum eng Woch, bei där s du net eppes Neies léiers oder spannend Leit begéins.
An elo?
Hues du nach Froen? Da mell dech!
Ass alles kloer? Da schéck eis deng Kandidatur bis den 23. Februar op rh@100komma7.lu.
Mir wëllen deng Stëmm héieren.