Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Oscar Peterson Trio, Sonny Stitt - I Can't Give You Anything But Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Musikalesch Diversitéit zu Veianen

Klassik-Aktuell

Musikalesch Diversitéit zu Veianen

D'Music Days zu Veianen, dat ass Klassik, Barock, Jazz an och e Programm fir Famillje mat Kanner. D'Kammerata luet op Decouverten an.

auto_stories

1 min

headphones

7 min

play_arrow

Dëse Freiden, 3. November geet et lass mat de Music Days zu Veianen, 3 Deeg laang soll d’Schlassstad ënnert dem Zeeche vun der musikalescher Diversitéit stoen. De Festival versprécht en ofwiesslungsräiche Programm a schéine Concertscoulissen. Am ale Kino, am Schlass an an der Trinitéitskierch si Concerte geplangt. Et gëtt Barock, Klassik an Jazz gespillt, a souguer fir d’Kanner ass eppes do. Den éischte Concert setzt d’Harf am Mëttelpunkt. D’Marie Trussart huet mam Präsident Marc Jacoby iwwer de Programm vum Festival geschwat.

Lauschterenplay_arrow