Den US-Vizepresident JD Vance hat a senger europakritescher Ried d'lescht Joer op der Münchener Sécherheetskonferenz fir een Eclat gesuergt. Den US-Ausseminister Marco Rubio sot haut um Samschdeg a senger Ried et wéilt een, datt Europa staark ass. Mee et wieren awer Feeler gemaach ginn, esou de Marco Rubio.
Kritik u Klima- a Migratiounspolitik
Den amerikaneschen Ausseminister huet vun enger Iwwerdroung vu staatlecher Souveränitéit op international Organisatioune geschwat, wärend Géigner oprëschten. Weider huet hie Limitatiounen duerch Klimapolitik kritiséiert, wärend Konkurrente fossil Energien notzen. Och huet hie vun enger onkontrolléierter Migratioun geschwat, déi d‘USA elo probéiere géifen ze korrigéieren.
Gespréichsronn tëschent EU an UK
Um zweeten Dag vun der Münchener Sécherheetskonferenz wäert och de chineeseschen Ausseminister Wang Yi eng Ried halen. Duerno ass nach eng Gespréichsronn mat der EU-Kommissiounspresidentin Ursula vun der Leyen an dem brittesche Premier Keir Starmer geplangt.
D‘Münchener Sécherheetskonferenz geet nach bis de Sonndeg. 60 Staats- a Regierungscheffen an iwwer 100 Aussen- an Defenseministeren aus der ganzer Welt ginn do erwaart.
Protestaktioun: Ried vum Exil-Iraner Reza Pahlavi?
Um Bord vun der Sécherheetskonferenz zu Münche ginn och gréisser Demonstratiounen erwaart. Rieds geet vun zegdausende Leit déi op der Theresienwiese géint de Regimm am Iran demonstréiere wëllen. Zu dëser Protestaktioun huet d‘Organisatioun „The Munich Circle“ opgeruff, déi vun Exil-Iraner gegrënnt gouf. Nach ass onkloer ob de Reza Pahlavi bei der Protestaktioun schwätze wäert. De Jong vum gestierzten iranesche Schah ass och en Invité op der Sécherheetskonferenz.