Dës Decisioun ass e weideren Akt an engem laangen Hin an Hier. Dem Donald Trump säin Numm war no engem Geriichtsurteel vum Kennedy Center fort geholl ginn.
Den US-President hat d'Gebai am Dezember 2025 mam Numm Kennedy Center an den Trump Kennedy Center ëmbenannt. Dat ënner anerem mam Argument, datt de Center wärend senger Amtszäit renovéiert ginn ass.
Hien hat domat der "anti-amerikanesche Propaganda" an der Kulturwelt de Kampf ugesot.
Säin Numm soll nom Vott am Verwaltungsrot elo nees ezréck op d'Fassade. Wéi amerikanesch Medie melle misst e Geriicht dës Decisioun fir d'éischt awer nach ofseenen.