Et hätt een d’Wuesstemsfro ëmmer thematiséiert, sot d’Presidentin vum Mouvéco an engem Austausch iwwer Zoom, mee da wier ëmmer d’Géigenargument komm, datt ee Wuesstem bräicht fir den Erhalt vum Pensiounssystem. Zejoert hätt een decidéiert, eng Analys dozou an Optrag ze ginn, well an enger Note vun der IGF Donnéeën dra waren, déi zum Nodenke féieren. Nieft engem Populatiounswuesstem, bis 2070, op 785.000 Awunner an enger aktiver Populatioun, déi bis dohin op 630.000 géif an d'Luucht goen, hätt och dra gestanen, datt d'Unzuel vun de Pensiounsberechtegten.
Ass de Pensiounssystem ekonomesch plausibel?
Dee konstanten ekonomesche Wuesstem wier aus ekologescher Siicht net nohalteg, an et hätt sech d’Fro gestallt, ob en ekonomesch machbar a plausibel wier, sou d’Blanche Weber, woufir dës Etüd an Optrag gi gouf. D’Christine Mayrhuber, Matautrice vun der Etüd vum éisträicheschen Institut fir Wirtschaftsfuerschung, huet nieft dem Desequiliber tëscht Recetten an Depensen am Pensiounssystem ënner anerem nach dëse Problem ausgemaach:
"Fast alle Annahmen, auf die ich jetzt nicht eingegangen bin, zum Beispiel Fertilität, Lebenserwartung, Beschäftigungsbeteiligung und so weider, entsprechen den historischen Entwicklungen."
Pensiounssystem net reforméieren wier "irresponsabel"
Och wieren de Wirtschaftswuesstem an d’Pensiounsbäiträg wuel z’optimistesch gesinn. Sou datt fir d’Mouveco-Presidentin den nächste Generatiounen net nëmmen eng Klimakatastrof iwwerlooss géif ginn, mee och e wackelege Finanzement vum Pensiounssystem. "Dat doten den nächste Generatiounen ze veriewen ass irresponsabel."
Et wier net alles iwwer Wuesstem ze léisen, ma et misst ee Loscht hunn, eppes um System z’änneren, huet d’Blanche Weber nach betount.