D‘NASA hat gréng Luucht fir déi Prozedur ginn, nodeems d‘Kapsel zweemol ronderëm d‘Äerd geflu war. E Méindeg soll d‘Raumschëff d‘Ëmlafbunn vum Mound erreechen an da ronderëm de Mound fléien. Et ass déi éischt Moundmissioun mat Astronauten zanter méi wéi 50 Joer. Eng Landung um Mount ass fir 2028 geplangt.
arrow_back_ios
search
Space
|Moundmissioun huet Äerdëmlafbunn verlooss an ass a Richtung Mound ënnerwee
Déi véier Astronauten u Bord vun der amerikanescher Artemis 2 Moundmissioun hunn d'Äerdëmlafbunn verlooss a fléien a Richtung Mound. Si hunn d'Motore bal 6 Minutte-laang gezünt fir d'Weltraum-Kapsel Orion op déi richteg Fluchbunn ze schécken.
Jeremy Hansen (Kanada), Victor Glover (USA), Reid Wiseman (USA), Christina Koch (USA) (Foto: EPA/CRISTOBAL HERRERA-ULASHKEVICH)