Radioen

On air

Mëttesrascht  |  All Tvvins - Thank You

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Moskau-trei Partei gewënnt a véier occupéierten Territoiren an der Ukrain

Russland

Moskau-trei Partei gewënnt a véier occupéierten Territoiren an der Ukrain

D‘Kreml-Partei Gëeenegt Russland huet offiziellen Informatiounen no d‘Walen an de véier occupéierten Territoiren an der Ukrain gewonnen. Méi wéi 2,7 Millioune Leit hätten hir Stëmm fir déi Moskau-trei Partei ginn heescht et.

auto_stories

1 min

Ofgestëmmt gouf och iwwer d‘Regionalparlamenter an de Regioune Cherson, Donezk, Luhansk an Saporischschja. Kiew huet dozou opgefuerdert, déi gestallten a manipuléiert Walen net un ze erkennen. Aus de betraffene Regiounen goufe massiv Verstéiss géint Mënscherechter gemellt, zum Deel goufen d'Leit forcéiert ofzestëmmen.

Beim Vott zu Moskau konnt sech den aktuellen Buergermeeschter Sergej Sobjanin wéi erwaart duerchsetzen, hie krut dräi Véirel vun allen Stëmmen. Och an allen anere Regiounen konnten sech d‘Kreml-Kandidaten duerchsetzen.