arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mord un Tréierer Studentin: Zwee Verdächteger hätten der Fra hir Kreditkaart geklaut

Däitschland

|
reading time

1 min

Mord un Tréierer Studentin: Zwee Verdächteger hätten der Fra hir Kreditkaart geklaut

Am Fall vun der 29 Joer aler Studentin, déi viru bal zwou Wochen dout an hirer Wunneng zu Tréier fonnt gouf, goufen elo zwou Persoune festgeholl. Bei de Verdächtege géif et sech ëm e Mann vu 35 Joer aus dem Saarland, an eng Fra vu 25 Joer vun Tréier handelen.

reading time

1 min

Universitéit Tréier  | © Christine Koenig
Universitéit Tréier (Foto: Christine Koenig)

Déi zwee Verdächteg géife sech kennen, a si hätten och d‘Affer e puer Deeg virun där hirem Dout kenne geléiert. Dat mellt de Parquet vun Tréier an engem Communiqué.

D‘Studentin war de 19. Juli mat Stéchwonnen dout an hirer Wunneng zu Tréier fonnt ginn. De Parquet geet op Grond vu virleefegen Erkenntnisser vun der Enquête dovun aus, datt déi Verdächteg der Studentin hir Bankkaart geklaut, an domat Suen opgehuewen hunn.

Véierstelleg Zomm gouf opgehuewen 

Dee verdächtege Mann soll d‘Studentin dräi Deeg ier hir Läich entdeckt gouf an hirer Wunneng mat engem spatze Géigestand ugegraff hunn. Den Dag no der Attack soll déi verdächteg Fra mat der Bankkaart vum Affer eng véierstelleg Zomm vun engem Bankomat am Zentrum vun Tréier opgehuewen hunn, esou de Parquet. 

D‘Enquête leeft nach.