Zejoert gouf de Fall nei opgerullt, well nei Elementer opgetaucht wieren, deelt de Parquet mat. Doropshi wier de Fils vun der deemols 56 Joer aler Fra inculpéiert ginn, dat wéinst Parricide, also de Mord un engem enke Familljemember, mat Virsaz. Hie gëtt deemno beschëllegt, seng Mamm vergëft ze hunn.
De Mann sëtzt schonn am Prisong, well hien zu liewenslaanger Haft verurteelt ass. Dat wéinst dem Mord u senger Schwëster an där hirem Mann, déi hien allebéid vergëft hat, esou de Parquet.