Radioen

On air

Notturno  |  John Cale - Noise Of You

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Monolith" - Release Party vum neie Kraton Album an der Rockhal

Musek

"Monolith" - Release Party vum neie Kraton Album an der Rockhal

Op hirer mëttlerweil 5. Release zanter 2011 ass d'Lëtzebuerger Death Metal Band Kraton zu enger quasi renger Doom Band mutéiert.

auto_stories

2 min

"Monolith" huet d'Band ronderëm de Sänger Mike "Bördi" Bertemes hiren neisten Album genannt, ob deem een dach relativ massive Stilbroch ze héieren ass. Net, datt een d'Band net méi géif erëmerkennen, mee aus der Trupp vum Bricherhaff, déi zwar schonn ëmmer relativ düster ënnerwee war, huet sech antëscht eng Band entwéckelt, déi a Punkto Doom Sengesgläichen zu Lëtzebuerg sicht.

Op der neister Scheif vun de Metaller vu Kraton kléngt virun allem de Bördi esou verzweiwelt wéi ni virdrun, warscheinlech well och d’Texter dës Kéier extreem perséinlech sinn, esou de Sänger am Interview, deen zougëtt, datt et och e Ventil an eng Therapie ass, esou deprimant Musek an Texter ze schreiwen. Mee Schold un där méi extreemer Düsterheet op "Monolith" ass net nëmmen d'Introspektioun vum Mann mam Mikro; hien huet sech och vill vun der schwéierer a schleefender Musek droe gelooss.

Musek, fir déi zwar virun allem de Gittarist Jacques Zahlen verantwortlech ass, mee fir déi och de Ken Poiré, deen zesumme mam Bördi am Studio war, säin Deel konnt bäidroen, obwuel hien op Weltrees war, wéi den Album geschriwwe gouf. An et war och op där Weltrees, wéi de Ken gefrot gouf fir den Jason Brink op der Gittar ze ersetzen, a woufir de Slot och reservéiert gouf bis hien nees doheem war.

Den Album kënnt samschdes, den 9. November 2024 op alle gängege Plattformen eraus. Owes gëtt den Album da mat enger Release Party an der Rockhal gefeiert. Mat dobäi sinn d'Black Metaller vun Asathor. D'Diere ginn um 20:00 Auer op, lass geet et um 20:30 Auer.

Den Interview mam Bördi a mam Ken

Lauschterenplay_arrow