De radio 100,7 ass den ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E gëtt, wéi opus 100,7, säi Schwësterprogramm fir klassesch Musek, am allgemengen ëffentlechen Interessi vum Média de service public 100,7 bedriwwen. De Radio ass bekannt fir eng héich Qualitéit vun den Noriichten, der Musek an am Beräich vun der Kultur. An enger gutt gefëllter Mediewelt spillt en eng eenzegaarteg Roll als Spigel vun der Lëtzebuerger Sprooch, Kultur an Identitéit. Nieft sengem Radioprogramm offréiert de radio 100,7 op senger Websäit an a senger App och Artikelen a Podcasten.
Fir seng Ekipp mat de richtegen Talenter ze verstäerken, sicht de radio 100,7 een/eng
Systemingenieur:in (Vollzäit)
Wat sinn déi alldeeglech Tâchen?
Operative Volet
- Maintenance vu Server, Aarbechtsstatiounen an Netzwierker (Soft- an Hardware)
- Technesch Dokumentatioun erstellen
- Deployement vu Software an Hardware
- Matschaffe bei der Cyber-Sécherheet
Planifikatioun
- Analys vun de zukünftege Besoine vum Haus an den Utilisateuren
- Planifikatioun, Konzeptioun an Ëmsetze vun neien technesche Léisungen
- Gestioun a Koordinatioun vu Projeten
Wéi eng Fachkompetenze siche mir?
- E Bachelor an/oder Master an engem systemrelevante Beräich
- Minimum 4-5 Joer professionell Erfarung an engem vergläichbare Milieu
- Kenntnisser an DANTE, DHD-Audio an David-Systems
- Beherrschung vu Windows a Linux Sever, DNS, GPO, ESX, LAN WAN, PTP
- D’Maîtrise vun SSL, HTTP(s) an CSS ass vu Virdeel
Wéi eng Eegeschafte soll ee matbréngen?
- Begeeschterung fir eng Ekipp ze federéieren an am Team zesummenzeschaffen
- Organisatoresch a kommunikativ Fäegkeeten
- Eng strukturéiert Aarbechtsweis
- Motivatioun fir eis technesch Prozesser kontinuéierlech unzepassen an ze verbesseren
Mir bidden
- En Aarbechtskontrakt op onbestëmmten Dauer (CDI)
- Intern an extern Weiderbildungsméiglechkeeten
- Eng spannend an ofwiesslungsräich Plaz mat diverse Projeten
- Eng dynamesch a motivéiert Ekipp, déi fir den Ënnerbau vum Radio suergt
- Aktiv Matgestaltungsméiglechkeeten
Sidd Dir interesséiert? Da schéckt eis Är Kandidatur mat Motivatiounsbréif, CV a Casier judiciaire wgl. bis spéitstens den 23. Oktober 2023 per Email un rh@100komma7.lu.
Mir freeën eis, vun Iech ze héieren a sti fir all Fro zur Verfügung.