De radio 100,7 steet fir eng eenzegaarteg Museksprogrammatioun, bei där ee ka matsangen, awer och ëmmer nees nei Popmusek an alternativ Kënschtler:innen entdecken. Well och wann den 100,7 de Sender fir Noriichten, Informatioun, Kultur an Ënnerhalung zu Lëtzebuerg ass, gëtt dat eréischt e Ganzt mat der richteger Musek. Als Service public steet de radio 100,7 am Déngscht vun der Allgemengheet a gëtt vum politesch an ekonomesch onofhängegen ëffentlech-rechtleche Média de service public 100,7 bedriwwen. An dësem Kader sicht de radio 100,7 een/eng:
Produzent:in Musek a Programm - Deelzäit (mi-temps)
Roll
- D’Animateuren an d’Museksprogrammateure vum radio 100,7 beim Virbereeden, Realiséieren a Promote vu Radiosprogrammer ënnerstëtzen, virun allem um organisatoreschen an administrative Plang.
- Mat der Optioun sech och musikalesch, respektiv virum Mikro kënnen anzebréngen.
Tâchen
- Ënnerstëtze vum Programmchef beim Organiséiere vum deegleche Radiosprogramm, dee vun internen an externe Mataarbechter animéiert gëtt.
- D’Museksprogrammatioun vum radio 100,7 an der Rotatiounssoftware ëmsetzen an Erstelle vu Playlëschten
- Virbereedung vu Sendungsinhalter a Matwierke bei redaktionelle Recherchen
- Concerts- a Museksaktualitéit zu Lëtzebuerg suivéieren an ofbilden
- Déi deeglech Kommunikatioun iwwer aktuell Theemen tëschent der Museksredaktioun an deenen aneren Departementer assuréieren
- Spiller, Quizzen a Concoursen am Radiosprogramm geréieren
- Eventuell punktuell Moderatioun vun Emissiounen
Wéi eng Fachkompetenzen an Eegenschafte soll ee matbréngen?
- Oganisatiounstalent, e gudden Zäitmanagement an en A fir den Detail
- Passioun fir d’Museksaktualitéit a fir audiovisuell Medien
- Redaktionell Kompetenzen
- Erfarung an der Audioproduktioun ass vu Virdeel, idealerweis am Radioberäich
- Erfarung an der Moderatioun ass vu Virdeel
- Exzellent Beherrschung vun der Lëtzebuerger Sprooch (geschwat a schrëftlech), souwéi deenen aneren übleche Beruffssproochen (Däitsch, Franséisch, Englesch).
Mir bidden
- En Aarbechtskontrakt op onbestëmmten Dauer (CDI) fir 20 Stonnen d’Woch
- E kompetitiivt Gehalt mat transparente Perspektiven, Chèques-repas
- Homeoffice-Reegelung
- Kuerz Entscheedungsweeër, e kreative Fräiraum an Eegeverantwortung, en direkten Impakt op déi redaktionell Programmlinn
- Reegelméisseg intern an extern Formatiounen nom Prinzip lifelong learning
- Eng dynamesch a motivéiert Ekipp an engem kreativen Ëmfeld, reegelméisseg Teameventer
Interesséiert?
Schéckt eis Är Kandidatur mat Motivatiounsbréif a CV wgl. bis spéitstens den 4. August 2025 per Email un rh@100komma7.lu.
Am Fall vun engem Rekrutement muss e Casier judiciaire (Nummer 3) virgeluecht ginn.