Dir hutt Loscht fir Radio ze maachen? Dir hutt Loscht, Lëtzebuerg mat prakteschen Informatiounen a gudder Musek duerch den Dag ze begleeden? Dir hutt Loscht, an enger jonker, dynamescher Ekipp ze schaffen, an d’Zukunft vum Service public matzegestalten? Mir sichen Talenter, fir eise Programm weiderzeentwéckelen.
Fir de Programm vun der Schoulrentrée u mat neie Stëmmen ze beräicheren, sicht de radio 100,7
Freelancer:innen an der Animatioun
Tâchen:
- Emissiounen animéieren, Interviewe mat Invitéë féieren, Debate leeden
Den ideale Profil:
- E gutt Allgemengwëssen, an en Interesse fir Kultur, Musek, Politik an d’Lëtzebuerger Gesellschaft; Erfarung am Radio/Podcast-Beräich ass vu Virdeel; E sympathescht, empathescht a selbstbewosst Optrieden
- Eng agreabel Stëmm mat excellenter Diktioun an Aussprooch
- Geschéck fir eng aktiv Kommunikatioun opzebauen
- E Gespier fir Storytelling an eng dynamesch Gespréichsféierung
- Capacitéite fir Moderatiounen an Artikelen ze schreiwen
- Exzellent Beherrschung vun der Lëtzebuerger Sprooch (geschwat a schrëftlech) souwéi den aneren übleche Beruffssproochen (Däitsch, Franséisch, Englesch)
Mir bidden:
- E professionellen Encadrement an eng hausintern Ausbildung
- D’Méiglechkeet fir Är Perséinlechkeet an Är Iddien an Emissiounen afléissen ze loossen
- E Freelance Kontrakt iwwer eng Saison, dee ka verlängert ginn
- Perspektiv fir eng längerfristeg Zesummenaarbecht
Lued eis hei drënner eng Audio oder Video Kandidatur bis spéitstens den 18. Mäerz erop: