search

/ Social Media Expert:in (Vollzäit)

Joboffer

|
headphones

3 min

Social Media Expert:in (Vollzäit)

headphones

3 min

Mat de Sendere Radio 100,7 an opus 100,7 steet den ëffentlech-rechtleche Média de service public 100,7 fir Noriichten, Informatioun, Kultur, Ënnerhalung a gutt Musek zu Lëtzebuerg. Als Service public steet en am Déngscht vun der Allgemengheet an ass politesch an ekonomesch onofhängeg. Nieft senge Radioprogrammen offréiert den MSP 100,7 op senge Websäiten an a sengen Appen och Artikelen a Podcasten. 

Als Social Media Expert:in notzt hie/si d’Websäit, d’mobil App an d’Social-Media-Optrëtter vum Radio 100,7 fir seng/hir Nouvellen, Reportagen a Podcasten engem sou breede Public wéi méiglech virun Aen ze féieren. Hien/Si versteet d‘Spezifissitéit vun den eenzelnen digitale Kanäl a passt sech mat innovativen an adaptéierten digitale Formater dorunner un. Den Erfolleg vu senger/hirer Aarbecht analyséiert hie/si un Hand vun Daten a suivéiert kontinuéierlech déi lescht Entwécklungen an der digitaler Welt.

Tâchen:

  • Gestioun a Publikatioun vu Contenuen op alle Plattformen (CMS, App, Newsletter, Push, RSS) am Aklang mat de journalistesche Standarden;
  • Verfaasse vu social-media-optimiséierte Bäiträg;
  • Tracking a Reporting vu KPIen (Reach, Engagement, Clicks);
  • Content creation, entwéckelen an Ëmsetze vun innovativen Online- a Social Media Formater
  • Aktive Community Management: Beäntwere vu Froen, Feedback-Management, Moderatioun, proaktiv Kommunikatioun mat den Zilgruppen.

Wéi e Profil siche mir?

  • En Diplom an engem vun de Beräicher: Medien- & Kommunikatiounswëssenschaften, Journalismus, Online-Marketing, Mediamanagement, o. ä.;
  • Beruffserfarung vun op d’mannst zwee Joer an engem vun de Beräicher Kommunikatioun,  digital Distributioun, digitale Marketing oder Social Media Management;
  • Technesch Affinitéit fir Tools wéi CMS, Social Media Management Plattformen an Analytics;
  • Gutt Maîtrise vun digitale Kommunikatiounstechniken an Outilen;
  • Redaktionell Kompetenzen an d’Fäegkeet, Inhalt a Format unzepassen;
  • Versteesdemech fir Journalismus a Respekt vun deontologesche Reegelen;
  • Exzellent Beherrschung vun der Lëtzebuerger Sprooch (geschwat a schrëftlech), souwéi den aneren übleche Beruffssproochen (Däitsch, Franséisch, Englesch);

Mir bidden:

  • En Aarbechtskontrakt op onbestëmmten Dauer (CDI) fir 40 Stonnen d’Woch
  • E kompetitiivt Gehalt mat transparente Perspektiven, Chèque-repasen
  • Homeoffice-Reegelung
  • Kuerz Entscheedungsweeër, e kreative Fräiraum an Eegeverantwortung, en direkten Impakt op déi redaktionell Programmlinn
  • Reegelméisseg intern an extern Formatiounen nom Prinzip lifelong learning
  • Eng dynamesch a motivéiert Ekipp an engem kreativen Ëmfeld, reegelméisseg Teameventer

Interesséiert? 

Schéckt eis Är Kandidatur mat Motivatiounsbréif a CV wgl. bis spéitstens de 14. Oktober 2025 per Email un rh@100komma7.lu.

Am Fall vun engem Rekrutement muss e Casier judiciaire (Nummer 3) virgeluecht ginn.