Radioen

On air

Nei Musek  |  Missy Mazzoli am Fokus

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Militäresch Kooperatioun mat der Belsch: Besser opgestallt fir fir d‘EU interoperabel ze sinn

Staatsvisitt an der Belsch

Militäresch Kooperatioun mat der Belsch: Besser opgestallt fir fir d‘EU interoperabel ze sinn

Fir Krich ze evitéiere misst een national an op europäeschem Niveau an Defense investéieren. Dat betount déi Lëtzebuerger Verdeedegungsministerin Yuriko Backes op der Staatsvisitt an der Belsch. Si hieft och d‘Wichtegkeet vun der militärescher Kooperatioun tëschent der Belsch a Lëtzebuerg ervir.

auto_stories

2 min

Déi Lëtzebuergesch a Belsch Verdeedegungsministerinne Yuricko Backes a Ludivine Dedonder | © SIP / Emmanuel Claude
Déi Lëtzebuergesch a Belsch Verdeedegungsministerinne Yuricko Backes a Ludivine Dedonder (Foto: SIP/Emmanuel Claude)

Op der Militärbase Melsbroek steet de Militärfliger A400M. D’belsch-lëtzebuergesch Kollaboratioun mat dem Fliger wier souwuel symbolesch, wéi och konkret, esou d’Defenseministesch Yuriko Backes.

Schonn déi 3. Visitt

Schonn dräimol, zënter datt si Defenseministesch ass, huet si d’Militärbasis besicht. Dat géif weisen, wéi enk si mat der belscher Verdeedegungsministerin a Kontakt steet.

„Mir missten interoperabel sinn. Dat maache mir zesumme mat der Belsch, en vue vun dësem Bataillon binational. Natierlech iwwer d’Kollaboratioun mat der Belsch misste mir eis och besser opstellen an der EU fir interoperabel ze sinn.“

Virun allem wéinst dem aktuell schwieregen internationale Kontext, esou nach d’Defenseministesch.

Eng kontinuéierlech Zesummenaarbecht

De Bataillon binational, deen een amgaange wier bis 2030 opzestellen, wier dat wichtegst Zil dat ee misst erreechen. Dofir wier d’Zil, datt 6 Lëtzebuerger Piloten op d‘Militärbasis zu Melsbroek kommen. Déi wiere momentan nach an Ausbildung, grad wéi 6 Loadmasters, déi dohi komme sollen.

„Dat sinn dann déi, déi effektiv och am Fliger schaffe fir ze kucken, datt den A400M all kéiers wann e geluede gëtt, dat ass e ganz wichtege Job well dat muss alles perfekt geluede ginn. Soss kéint dat kann een negativen Impakt op den Equiliber vum Fliger hunn.“

Op dëser Staatsvisitt wieren awer elo keng nei Decisioune getraff ginn, esou nach d’Defenseministesch, et wier eng kontinuéierlech Zesummenaarbecht. Am Kader vun der Staatsvisitt hätt een dës Zesummenaarbecht symbolesch gestäerkt.

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft