Wunnen zu Lëtzebuerg ass deier. Grad vill Locatairë kréien dat ze spieren. De Jean-Michel Campanella, President vum Mieterschutz, stellt am 100,7-Interview fest, datt d’Präisser net erof ginn.
D’Haussë vun de Loyere wieren zwar net méi esou grouss, mee d’Situatioun wier awer ugespaant.
“D’Leit kënnen näischt kafen a se musse lounen. D’Demande geet rop, mee d’Offer kënnt net no. Mir sinn an enger Baukris am Moment. Mir haten zu Lëtzebuerg nach ni gutt Zuele wat d’Offer ugeet, mee elo ass quasi e Stëllstand beim bauen.”
Mieterschutz positiv iwwerrascht iwwer d'Annonce vum Minister
De Logementsminister Claude Meisch huet elo d’Schafung vun enger nationaler Loyerskommissioun annoncéiert. Si soll déi kommunal a kantonal Loyerskommissiounen ersetzen. De Jean-Michel Campanella ass iwwerzeegt, datt dës Mesure eng Verbesserung mat sech brénge kann.
Bis elo hätt een als Mieterschutz keen Enthusiasmus an der Politik verspuert fir esou eng Kommissioun ze schafen. Dofir wier een elo positiv iwwerrascht vum Minister senger Annonce, seet de Jean-Michel Campanella.
Et soll eng Mediatiounsstell sinn, wou Leit zesummekomme fir iwwer hir Situatioun ze diskutéieren. De President vum Mieterschutz ass och iwwerzeegt, datt een esou vill Streidereien tëschent Locataire a Proprietaire geléist ka kréien.
“Et kann ee Solutioune fannen amplaz direkt op d’Geriicht ze goen.”
Méi Kompetenze fir d'Kommissioun
Lëtzebuerg wier dann och eent vun den eenzege Länner an Europa, dat esou ee Modell proposéiere géing.
De Gesetzesprojet soll bis de Summer deposéiert ginn. Nach ass de Mieterschutz net gefrot gi fir säi Pefferkär dobäi ze leeën. An der Press hätt hien awer scho gelies, datt déi concernéiert Acteuren alleguer gefrot solle ginn, esou de Jean-Michel Campanella.
Och sollen d’Kompetenze vun der Kommissioun erweidert ginn, fir net just iwwer déi héich Loyeren ze schwätzen, mee zum Beispill och iwwer de Remboursement vun der Garantie locative. D’Erweiderung vun de Kompetenze soll d’Eskalatioun vun de Konflikter vermeiden.
D'Waarden op den neie Bail à loyer
Da soll de Bail à loyer eng weider Kéier reforméiert ginn. D’Reform léist allerdéngs op sech waarden. Kann dat neit Gremium sengen Aufgaben dann iwwerhaapt gerecht gi wann deen nach net do ass?
Dat wier effektiv eng Kontradiktioun, seet och de Jean-Michel Campanella. Hie stéiert sech och un der “faméiser Iddi” vu 5 Prozent vum investéierte Kapital, deen een als Loyer dierf froen.
“Entweder mir schafen et of oder mir reforméieren et, wann et net applizéiert gëtt.”
Héich Loyeren dacks net berechtegt
Mee d’Kommissioun hätt awer och lo schonn seng Daseinsberechtegung. Esou kéint ee beispillsweis de Präis vum Loyer unhand vun aneren Indicateure moossen an diskutéieren.
Grad bei Gebaier, déi sech scho rentabiliséiert hunn, versteet de President vum Mieterschutz net, firwat deels ganz héich Loyere gefrot ginn.
“Et ass net ok wann op der Gare fir e Studio 2.000 Euro Loyer gefrot gëtt. Wat justifiéiert dat? Hunn déi do eng gëllen Dusch?”
Fir nei Gebaier wier dat méi schwiereg, schliisslech sollen Investisseure jo och net ofgeschreckt ginn.
Iddi vum Mietspiegel kéint ze spéit kommen
De Logementsminister hat d’Iddi vun engem Mietspiegel an de Raum geworf, deen hien eventuell bis d’Enn vun der Legislaturperiod wéilt opgestallt hunn. Fir si ass 2028 awer ze spéit, seet de Jean-Michel Campanella.
“2028 wësse mir net, wéi d’Lag ausgesäit. Ëmmer méi Leit verloossen d’Land, ëmmer manner Leit kommen. Dat hëlleft der Ekonomie net. Mir kënne keng Talenter halen. Mir mussen elo direkt eppes fannen an dono un enger gréisserer Reform schaffen.”
Politik muss an de Logement investéieren, esou de Mieterschutz
Iwwerdeems ass den Ordre du jour fir d’Tripartite jo nach net gewosst. Eventuell spillt de Logement do eng Roll, vläit awer och net. Fir de President vum Mieterschutz ass allerdéngs kloer, datt e gréisseren Aktiounsplang fir de Logement néideg ass.
Et wier och gutt fir de Bausecteur, wann de Staat massiv géing an de Logement investéieren. De Minister Claude Meisch géing zwar vill Saache lancéieren, seet de Jean-Michel Campanella, mee déi missten och finanziell gestemmt ginn.
“De Logement muss Chefsaach an eng national Prioritéit ginn.”
Et kéint ee méi Sozialwunnenge bauen, méi Cooperative grënnen, an de Problem vum Logement och méi koordinéiert ugoen, mengt de Jean-Michel Campanella. Dat wier gutt fir de Bausecteur, gutt fir d’Wirtschaft a gutt fir d’Leit, déi op der Sich no engem Logement sinn.