A Russland ass et haut de leschten Dag vun de Presidentiellen. Déi éischt Héichrechnunge gi fir den Owend erwaart. De Vott gëllt als manipuléiert, d‘Oppositioun gouf vun de Walen ausgeschloss an Observateure soen dem aktuelle President Putin seng héchste Victoire iwwerhaapt viraus.
Zu Lëtzebuerg huet d‘Associatioun Ruhelp fir haut zu enger Manifestatioun géint déi fiktiv Walen a Russland opgeruff. Ënnert dem Slogan „Midi contre Poutine“ soll d‘Aktioun an der Mëttesstonn virum russesche Konsulat zu Beggen stattfannen.