Interimspresident ass de Michel Wolter, deen 1984 eng éischte Kéier an d’Chamber gewielt gouf, deemools esou den CSV-Politiker hätt ee sech vill méi mat de Gesetzestexter auserneegesat, elo awer gëtt virun allem op dem Staatsrot sengem Avis gewaart.
A senger Ried huet den CSV-Politiker de Fonctionnement vun der Chamber analyséiert a gemengt, datt ee sech méi mat de Gesetzestexter misst auserneesetzen ewéi déi Jore virdrun.
Parlamentaresch Froen déi net ëmmer effizient sinn
Kritesch war de Michel Wolter iwwert déi Hellewull u parlamentaresche Froen déi gestallt ginn, an der leschter Legislaturperiod waren et der iwwert 8300, an se ware qualitativ net ëmmer effizient.
Déi nei Deputéierte sinn iwwregens d’Liz Braz, d’Claire Delcourt, de Luc Emering, de Christophe Hansen, de Ben Polidori, de Gérard Schockmel, d’Alexandra Schoos, de Meris Sehovic, den Tom Weidig an de Charel Weiler.
Bis datt déi nei Regierung steet wäert d’Chamber mat grousser Warscheinlechkeet net méi an der Plenière zesummekommen.