D'Demande, fir d'Untersuchungshaft kënnen ze verloosse fir bei senger schwéier kranker Mamm ze sinn, gouf vum Geriicht net ugeholl. Et bestéing Widderhuelungsgefor an eng héich Warscheinlechkeet, datt hien nei Strofdote géif begoen, esou d'Geriicht.
Der Mette-Marit hire Fils ass a 40 Punkten ugeklot. Hie soll, ënner anerem, véier Frae vergewaltegt hunn. De Parquet huet siwe Joer Prisong gefuerdert, e Méindeg soll d'Urteel gesprach ginn.
Lëscht vun Organspender klëmmt massiv
Iwwerdeems sinn d'Registréierunge fir Organspenden an d'Luucht geschoss, zënter der Mette-Marit hir Krankheet bekannt ass. Si steet nämlech op der Waardelëscht fir eng Longentransplantatioun ze kréien.
Bannent e puer Deeg hu sech 6.000 Norweger:innen op der digitaler Gesondheetsplattform als Organspender ugemellt. Soss wieren ongeféier 70 Umeldunge pro Dag, heescht et.