arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mette-Marit brauch Longentransplantatioun, hire Fils bleift awer an Untersuchungshaft

Norwegen

|
reading time

1 min

Mette-Marit brauch Longentransplantatioun, hire Fils bleift awer an Untersuchungshaft

E Freideg war bekannt ginn, datt déi 52 Joer al norweegesch Krounprinzessin Mette-Marit eng Longentransplantatioun brauch. Si huet eng onheelbar Longefibros. Hire Fils, de Marius Borg Høiby hat eng Demande gemaach fir aus der Unetrsuchungshaft entlooss ze ginn. Déi gouf verworf.

reading time

1 min

© EPA/Lise Aserud NORWAY OUT
(Foto: EPA/Lise Aserud NORWAY OUT)

D'Demande, fir d'Untersuchungshaft kënnen ze verloosse fir bei senger schwéier kranker Mamm ze sinn, gouf vum Geriicht net ugeholl. Et bestéing Widderhuelungsgefor an eng héich Warscheinlechkeet, datt hien nei Strofdote géif begoen, esou d'Geriicht. 

Der Mette-Marit hire Fils ass a 40 Punkten ugeklot. Hie soll, ënner anerem, véier Frae vergewaltegt hunn. De Parquet huet siwe Joer Prisong gefuerdert, e Méindeg soll d'Urteel gesprach ginn. 

Lëscht vun Organspender klëmmt massiv

Iwwerdeems sinn d'Registréierunge fir Organspenden an d'Luucht geschoss, zënter der Mette-Marit hir Krankheet bekannt ass. Si steet nämlech op der Waardelëscht fir eng Longentransplantatioun ze kréien.

Bannent e puer Deeg hu sech 6.000 Norweger:innen op der digitaler Gesondheetsplattform als Organspender ugemellt. Soss wieren ongeféier 70 Umeldunge pro Dag, heescht et.