Wéinst Temperature vun 30 bis 32 Grad gëllt och haut vu 14 bis bis 19 Auer eng giel Wiederwarnung: Déi nidderegst vun den dräi Warnstufe vum nationale Wiederservice.
Wéinst der Hëtzt klammen och d'Ozonewäerter. Vulnerabel Leit sollen ustrengend Aktivitéiten dobaussen evitéieren.
Et ass déi selwecht Warnstuf wéi gëscht um Samschdeg.