Frankräich ass weider géint de Fräihandelsaccord Mercosur, tëschent der EU a südamerikanesche Länner. Och d‘Zousätz déi d‘Baueren an der EU schütze sollen, ginn dem Macron net duer.
Um Mëttwochowend ware sech d’Europaparlament an d’EU-Memberlänner iwwer zousätzlech Klauselen eens ginn, déi d’Baueren an der EU schütze sollen. Deemno géife Géigemesure geholl ginn, wann d’Importer aus de véier Mercosur-Länner Brasilien, Argentinien, Uruguay a Paraguay an engem Mooss zouhuelen, déi der Landwirtschaft an der EU schuede kéint.
Klausele gi Frankräich net duer
Trotz dësem Zousaz ass et nach net sécher, ob den Accord nach kann des Woch, wéi geplangt ënnerschriwwe ginn. Frankräich geet dat nämlech net duer, sou de President Emmanuel Macron.
Et wier een zwar fir den Handel a Frankräich géif och weltwäit Agrar- a Liewensmëttel exportéieren, erënnert de Macron. Ma Frankräich kéint net akzeptéieren, datt d‘Koherenz vun der Agrikultur, der Ernärung an der Liewensmëttelsécherheet op d‘Spill gesat gëtt.
Lëtzebuerg wäert Jo zum Accord soen
Wa Frankräich géint de Mercosur - Accord stëmmt, kënnt et op Italien un.
Polen an Éisträich hate scho virdrun annoncéiert, si géifen dogéint stëmmen, datt d’Ofkommes ënnerschriwwe gëtt.
Zu Lëtzebuerg hat de Premier Luc Frieden am Mee annoncéiert, d’Regierung géing Jo soen zum Mercosur-Accord.