Radioen

On air

Notturno  |  Klein - Poem

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Fraktioune reagéiere besuergt op den neie Rapport vum Okaju

Reaktioun op den OKAJU-Rapport

Fraktioune reagéiere besuergt op den neie Rapport vum Okaju

Den neitste Joresrapport vum OKAJU huet fir vill Opreegung gesuergt, och bei den eenzelne Chambersfraktiounen. Am Rapport ass ze liesen, datt Kanner a Jugendlecher ëmmer méi Problemer mat der mentaler Gesondheet hunn.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Chambre des Députés

An der Chamber reagéieren d’Fraktioune mat Suerg op deen neie Rapport, deen den Ombudscomité fir d’Rechter vu Kanner a Jugendlechen um Mëttwoch publizéiert huet. Aus deem geet ervir, datt bal ee Véierel vu befrote Mannerjärege Suicidegedanken hätt. Och Jonker selwer koume gëschter an der Chamber zu Wuert fir iwwer hir Erfarung ze schwätzen déi si mat psychosoziale Strukturen zu Lëtzebuerg gemaach hunn.

Et wier dramatesch, datt déi eenzel Servicer, déi sech ëm de Kanner a Jugendlechen hir mental Gesondheet solle këmmeren, nach ëmmer net enk genuch zesumme géinge schaffen, seet d’LSAP-Deputéiert Francine Closener op eis Nofro hin. D’Hëllefe fir déi Jonk misste méi gräifbar a vernetzt ginn.

Mandy Minella: Méi Wäert op Sport leeën

Bei déi gréng, DP an CSV falen d'Reaktiounen änlech aus, och si fuerderen eng besser Koordinatioun vun deene verschiddenen Ulafstelle fir déi Jonk. Der DP-Deputéierter Mandy Minella no, misst awer och méi Wäert op de Sport geluecht gi bei der mentaler Gesondheet. Sport géif d‘Inklusioun, d‘Zesummenhalen an Teamgeescht fërderen.

"An dat ass eppes, wat ech wichteg fannen. Datt déi Jonk wierklech weider Kontakt zum Sport hunn, an datt do Méiglechkeete musse geschaaft gi fir méi Sport bei de Jugendlechen ze kreéieren."

Djuna Bernard: Déi Jonk brauchen déi richteg Utile, fir wann eppes net an der Rei ass

Déi gréng Oppositiounsdeputéiert Djuna Bernard ass der Meenung datt een och beim Volet vum sougenannte Beschwerdemanagement nach misst Progrèse maachen.

Dat heescht, datt een de Jonken, iwwerall, de Crèchen, de Maison-relaisen, de Foyeren, Veräiner oder nach Schoulen, déi richteg Utile ginn, fir wann eppes an hirem Ëmfeld net an der Rei ass.

Paul Galles: Enseignante sinn iwwerfuerdert

Och bei der schoulescher Inclusioun bleift nach vill ze maachen, fënnt och den CSV-Deputéierte Paul Galles.

"Mir mierken awer och um Terrain, datt vill Enseignanten iwwerfuerdert sinn, well immens vill vun hinne gefuerdert gëtt. An do mengen ech ass et wichteg, datt een eng Kéier ganz pragmatesch de System ukuckt, ob deen och wierklech funktionéiert."

Et géif deelweis och laang daueren, bis d‘Kanner an de Centre de competence kommen, bemierkt de Paul Galles. Dee System misst op alle Fall méi séier ginn, fir dat herno net déi ganz Laascht géing bei den Enseignante leien.

Lauschterenplay_arrow