An de leschte Woche wiere schonn zwee mol Dronendeeler um Gebitt vum NATO-Member Rumänien fonnt ginn. Russland hätt d'Donauhafen an der Südukrain, net wäit ewech vun der rumänescher Grenz, op en Neits mat Kampfdronen attackéiert. Den ukraineschen Autoritéiten no hätten 32 Stéck kéinten ofgewiert ginn. Siwen Ziviliste wiere blesséiert ginn. Hent hätt d'ukrainesch Arméi den Hafe vu Sewastopol op der vu Russland besatener Hallefinsel Krim mat Rakéiten attackéiert. Ee russecht Schëff an en U-Boot wiere getraff ginn. 2014 huet Russland d'Krim annektéiert. Dat gouf allerdéngs international ni unerkannt. Informatiounen aus de Krichsgebidder loosse sech net onofhängeg iwwerpréiwen.
arrow_back_ios
Noriichten
Noriichten
/ Méiglecherweis russesch Dronen op rumäneschen Territoire erofgefall
Krich an der Ukrain
Méiglecherweis russesch Dronen op rumäneschen Territoire erofgefall
No de russeschen Dronenattacken op Ismajil am Süde vun der Ukrain sinn op rumäneschem Gebitt méiglecherweis Deeler vun enger Dron entdeckt ginn. Dat deelt de rumänesche Verdeedegungsministère zu Bukarest mat.
auto_stories
1 min